Klima

Bëschbränn hunn Europa fest am Grëff an och schonn éischt Auswierkungen op Lëtzebuerg

An der Belsch gouf den europäesche Mechanismus fir d’Protection civile activéiert, fir dem Feier an der Venn meeschter ze ginn. Dat bedeit, datt d’EU Läschfliger an d’Belsch schéckt, grad ewéi Gefierer a Interventiounsunitéiten. Op der Plaz si souwuel däitsch Pompjeeën, wéi och Lëtzebuergescher.

auto_stories

3 min

Police a Pompjeeën an der Belscher Venn am Asaz | © picture alliance/dpa | Max Lametz
Police a Pompjeeën an der Belscher Venn am Asaz (Foto: picture alliance/dpa | Max Lametz)

Lëtzebuerg huet dräi Interventiounsween, an 11 Leit op d'Plaz geschéckt.

Bis elo sinn am Naturpark "Les hautes Fagnes" , 70 Kilometer ewech vu Lëtzebuerg, Stand elo eng 3.000 Hektar u Vegetatioun verbrannt.

Torf als Problem

Problematesch ass datt d’Venn ee Parc huet wou ee vill Torf fënnt. Engersäits ass et schwiereg Torf ze läschen, well do ee Sickerbrand ouni Sauerstoff entsteet. Anerersäits kommen d’Pompjeesween net gutt virun. Dobäi kënnt och nach, datt de Wand gëschter um Samschdeg net stabel war, esou datt de Brand sech an all Richtung verbreet huet.

Éischt Awunner hu missten evakuéiert ginn

An der Belsch hu ronn 600 Leit missten hiert Doheem verloossen.

Wéinst der Progressioun vum Brand a Richtung Däitschland ass d’Situatioun op der Grenz an der Stad Monschau ugespaant. D’Feierfront ass just nach dräi Kilometer vun der däitscher Grenz ewech.

Aus deem Grond huet déi däitsch Gemeng Monschau d’Awunner vu verschiddene Lokalitéiten no un der Grenz, dozou opgeruff sech op eng Evakuatioun virzebereeden. Concernéiert si fir den Ament 5000 Mënschen. Monschau ass och eng bei Touriste beléifte Stad.

Wéinst dem Brand an der Belsch, verbreet sech de Geroch vum Brand, jee no Wandrichtung. Gëschter huet d’Gemeng Mäertert-Waasserbëlleg, den Awunner recommandéiert doheem ze bleiwen an d’Fënsteren zouzemaachen.

Den Damp steet dann och deelweis iwwert deene Gemengen.

Damp wéinst de Bëschbränn steet iwwert Schengen | © Natalie Mertesdorf
Damp wéinst de Bëschbränn steet iwwert Schengen (Foto: Natalie Mertesdorf)

Feier an der Äifel brennt nach

Och an der Äifel brennt et nach. 

D’Situatioun an der Äifel hätt sech awer liicht verbessert, mellen d’Pompjeeën aus Nordrhein-Westfalen, wou d’Rettungsdéngschter zu Hürtgenwald am Naturpark zënter e  puer Deeg scho géint d’Bränn kämpfen.

Och wa sech d’Situatioun verbessert huet, wäert et awer nach Deeg daueren, éier dee Brand ganz geläscht ka ginn.

Déi 1800 Awunner vun der Gemeng Gey konnten no hirer Evakuéierung virun zwee Deeg nees zeréck an hir Wunnengen an Haiser goen.

300 Hektar Bësch sinn am Hürtgenwald vun de Flame befall. 

A ganz Europa ginn et Bëschfeieren

Weider Bränn ginn et och nach ëmmer a Frankräich. Am Departement Landes am Südweste vum Land konnt een d'Feier zwar agrenzen, fixéiert wier et awer nach laang net, esou de Préfet vun der Regioun. Bis dato sinn zu Landes 1.600 Hektar u Bësch verbrannt. 

Bëschbränn ginn et awer och weiderhin nach an de franséischen Ardennen, a Griicheland, wou eng 50 Vegetatiounsbränn bannent engem Dag hu misste bekämpft ginn. An och am südpsueneschen Andalusien, a Kroatien an a Serbie brennt et virun.