Pneumolog

Bëschbränn an der Grenzregioun: Wéi geféierlech si se fir d'Gesondheet?

Wéinst de Bëschbränn an der Groussregioun huet et zu Lëtzebuerg grad gëschter no Feier gericht, trotz zoue Fënsteren och bei ville Leit doheem. Déi interministeriell Evaluatiouns-Cellule hat e Sonndeg entwarnt: Et géif kee signifikative gesondheetlechen Impakt fir d’Populatioun ginn. Stëmmt dat?

auto_stories

3 min

© picture alliance / SNS | Steven Mohr
(Foto: picture alliance / SNS | Steven Mohr)

Den Dr. Gil Wirtz, Chef de Service vun der Pneumologie am CHL a Vize-President vun der Lëtzebuerger Gesellschaft vun de Longendokteren SLP, erkläert am 100,7-Interview, datt de gesondheetlechen Impakt vum Wand ofhänkt an dovun, wéi vill Mikroparticullen dee mat sech dréit. 

"Wa mir elo déi Quantitéit iwwer méi laang Zäit oder méi Stonnen hätten, kann een natierlech dovun ausgoen, datt esou liicht irritativ Reaktioune sinn, wéi datt zum Beispill d'Aen e bësse lafen oder den Hals irritativ ass oder liicht irritativ Houschtreaktioune kommen." 

Net méi Patienten an de Poliklinicken

Virun allem fir Patiente mat chronesche Longekrankheete kéinte séier op déi Particulle reagéieren, seet de Gil Wirtz. Wéinst temporärer schlechter Otmung kéint et sinn, datt déi Patienten an d'Klinick missten. 

"Dat ka scho relativ séier virkommen, wann iwwer Stonnen a Stonnen eng gréisser Positioun do ass. Dëse Risiko schéngt mir awer am Moment nach ganz kleng ze sinn. Ech hunn och nach kee Retour bis elo kritt, datt d'Consultatiounen an de Poliklinicken eropgaange sinn."

Et wier net de Moment fir Panik ze hunn, ënnersträicht de Pneumolog.

Aner Gefore wann ee méi no beim Feier ass

Wat ee méi wäit vum Brand ewech ass, wat een och manner grousse Particullen ausgesat ass. D'Pompjeeën op der Plaz oder d'Awunner:innen aus den Dierfer ronderëm, déi wieren enger gréisserer Unzuel u grousse Particullen ausgesat. 

"Mee esouguer op deene Plazen ass 80 Prozent vun deene Substances nuisantes, déi dee Moment an der Loft dra sinn, si Mikroparticullen, déi souwuel fir déi iewescht Otemweeër, wéi och fir d'Longe selwer ganz kloer toxesch kënne sinn, respektiv op jidde Fall ganz irritativ sinn an akut Symptomer kënne mat sech bréngen."

Dobäi kënnt fir d'Leit op der Plaz nach den héijen Taux un CO2 an aneren toxesche Substanzen. Déi brauchen dofir och speziellt Material, wéi den Dr. Wirtz erkläert. Beispillsweis FFP2-Masken, déi een nach aus der Covidpandemie kennt. 

Maske sinn den Ament net néideg

Et sollt een elo preventiv handelen a beispillsweis lëften esoubal d'Loft nees besser ass. 

"Dat heescht, wann de Wand e bëssen an déi aner Richtung geet an dee Moment bei eis dann d'Pollutioun e bësse méi kleng ass, respektiv d'Fënsteren zouhalen, wann et wierklech elo sech méi accumuléiert huet." 

Sollt een irritativ Symptomer opweisen, sollt een an der Haaptsaach Waasser drénken, den Hals fiicht halen, d'Nues propper halen an d'Nues och reegelméisseg botzen. Mat Maske ronderëm lafe wier den Ament hei net néideg. 

Lauschtert hei dee ganzen Interview mam Pneumolog