De Yannick Nézet-Séguin ass den Ament ee vun de gefrotesten Dirigente vun der Welt. Hien steet elo schonn 8 Joer als Museksdirekter vun der Metropolitan Opera zu New York, zënter 2012 och beim Philadelphia Orchestra an Chefdirigent vum Orchestre Métropolitain vu Montreal. Dëst Joer huet hien iwwerdeems de Neijoerschconcert mat de Wiener Philharmoniker dirigéiert.
Ma elo rifft de kanadesche Maestro jonk Dirigentinnen an Dirigenten op, bäi sengem neie Mentoring Fërderprogramm an der Saison 2027/28 deelzehuelen. Dëse soll de Nowuesstalenter déi eemoleg Chance ginn, selwer de Start an d'Beruffsliewen ze erliichteren an Erfarung mat absolutte Spëtzenorchesteren op der ganzer Welt ze sammelen.
Et kritt een de Know-How mat op de Wee. Concertsprogrammen ze gestalten, richteg mat Orchesteren ze kommunizéieren an och déi eege Preparatioun méiglechst perfekt ze gestalten. Am Fërderprogramm enthalen ass eng finanziell Ënnerstëtzung a Form vun engem Stipendium. An natierlech kuckt de Yannick Nézet-Séguin och vill iwwert d'Schëller fir Tipps an Tricks ze ginn.
Ënnert all de Kandidaturen déi rakommen, wäerte véier zeréckbehale ginn déi viraussiichtlech am Februar 2027 schonn zesummeschaffen. Am Mäerz wäerten dann zwee Kandidaten dovu fir de Fërderprogramm ausgewielt ginn.
Umelle kann een sech nach bis de 14. November 2026 an alleguer d'Infoë fënnt een iwwert dem Dirigent seng Websäit, www.mentorship.yannicknezetseguin.com