D'Lëtzebuerger Schauspillerin a Moderatrice Désirée Nosbusch duerft elo fir déi sechste Kéier déi grouss Gala vum Opus Klassik moderéieren.
Och dëst Joer stoungen nieft de ganz groussen Nimm, déi ee mëttlerweil deelweis Joerzéngte kennt, och Newcomer am Fokus.
Sou zum Beispill de Yunchan Lim, en 22 Joer jonke südkoreanesche Pianist deen als Instrumentalist vum Joer ausgezeechent gouf. Oder och déi 33 Joer jonk Operesängerin Shira Patchornik aus Israel. Als Young Talent of the Year gouf dem Christian Tetzlaff säi Jong, de Simon Tetzlaff, ausgezeechent.
Zu de bekannte Gesiichter gehéieren an der Editioun 2026 vum Opus Klassik de Geiist Christian Tetzlaff, d'Cornistin Sarah Willis, den Dirigent Andris Nelsons oder och déi brittesch Organistin Anna Lapwood.
D'Pianistin Martha Argerich gouf fir hiert Liewenswierk ausgezeechent, de Lang Lang fir déi meeschtverkaafte Produktioun an den Hans Zimmer zesumme mam Aleksey Igudesman fir d'Filmmusek vum Joer fir d'Serie "Schwarzes Gold".
Alleguerten d'Vainqueure vun 2026 fannt dir ënner www.opusklassik.de/award-winners