1903 war e wichtegt Joer fir den dänesche Komponist Carl Nielsen. Hie krut nämlech e feste Kontrakt bei engem Editeur a konnt sech doduerch just nach der Kompositioun widmen. Bis dohinner hat hie vun enger Bourse gelieft, déi hie krut fir als Geiist an der kinneklecher Kapell Kopenhagen ze spillen.
Den Nielsen hat sech schonn ëmmer fir d’Archeologie interesséiert an esou huet hien dat selwecht Joer eng Rees a Griichenland gemaach. Hie war besonnesch beandrockt vum Liichtspektakel iwwer dem Ägäesche Mier. An dat huet hie beim Komponéiere vu senger Helios-Ouverture inspiréiert: mat dëser Kompositioun versicht hien d’Sonn musikalesch duerzestellen. D’Ouverture ass iwweregens eng Widmung un den däitsch-hollännesche Pianist Julius Röntgen. D’Uropféierung vun der Helios-Ouverture war also den 8. Oktober 1803 an zwar am Kopenhagener Odd Fellow Palais. Och wann d’Musekskritiker sech net ganz eens waren, war de Public begeeschtert. Kee Wonner also, datt d’Stéck mëttlerweil a senger Heemecht Dänemark zum Standardrepertoire fir Neijoerschdag gehéiert.