De Yannick Nézet-Séguin ass den Ament ee vun de gefrotesten Dirigente vun der Welt. Hien ass elo schonn 8 Joer Museksdirekter vun der Metropolitan Opera zu New York, zënter 2012 och vum Philadelphia Orchestra an hien ass Chefdirigent vum Orchestre Métropolitain vu Montreal. Dëst Joer huet hien iwwerdeems de Neijoerschconcert mat de Wiener Philharmoniker dirigéiert.
Elo rifft de kanadesche Maestro jonk Dirigentinnen an Dirigenten op, bäi sengem neie Mentoring-Fërderprogramm an der Saison 2027/28 deelzehuelen. Dëse soll de Nowuesstalenter déi eemoleg Chance ginn, selwer de Start an d'Beruffsliewen ze erliichteren an Erfarung mat absolutte Spëtzenorchesteren op der ganzer Welt ze sammelen.
Et kritt een de Know-How mat op de Wee, Concertsprogrammen ze entwerfen, richteg mat Orchesteren ze kommunizéieren an och déi eege Preparatioun méiglechst perfekt ze gestalten. Am Fërderprogramm enthalen ass eng finanziell Ënnerstëtzung a Form vun engem Stipendium. An natierlech kuckt de Yannick Nézet-Séguin och vill iwwer d'Schëller fir Tipps an Tricks ze ginn.
Ënner all de Kandidaturen déi erakommen wäerten der véier zeréckbehale ginn. Dës véier Kandidate wäerte viraussiichtlech am Februar 2027 zesummeschaffen. Am Mäerz wäerten dann zwee Kandidaten dovu fir de Fërderprogramm ausgewielt ginn.
Umelle kann een sech nach bis de 14. November 2026 an alleguer d'Infoe fënnt een iwwer dem Dirigent seng Websäit, www.mentorship.yannicknezetseguin.com.