D'Etüd “Donne, Women in Music” huet 110 Orchesteren an insgesamt 30 Länner an der Saison 2025/26 ënner d’Lupp geholl.
20.091 Wierker mat enger Gesamtdauer vu 520.339 Minutte goufe fir dës Recherche analyséiert. Eraus koum: 91,5 Prozent vun de gelëschte Komponiste ware männlech, just 8,5% vun de programméierte Wierker waren op Komponistinnen zeréck ze féieren. Vergläicht een et elo an der Relatioun vun der Längt a Gesamtdurée vun de Concertsowender, esou komme 4,5% vun der Musek, déi een op Concerten héiert aus weiblecher Fieder.
Berücksichtegt goufe bei dëser Etüd europäesch Länner, dorënner och eis Noperen Däitschland, Belsch, a Frankräich. Lëtzebuerg gouf bei dëser Analys net berücksichtegt.
Zwar gesäit een eng ganz liicht Tendenz no uewen: Vergläicht een nämlech déi selwecht Orchestere mat der Saison 2021/22, also vu viru 4 Joer, sou huet een eng Croissance vun 0,8% Prozent bei weibleche Komponisten.
Trotzdeem ginn et extrem Ënnerscheeder ënner den Orchesteren a punkto Programmatioun. Formatiounen, déi iwwer eng ganz Saison net eng weiblech Komponistin am Programm opgelëscht haten, sinn den Orchestre de Paris, de Budapest Festival Orchestra oder och den Orchester Teatro alla Scala. Am direkte Verglach dozou huet de London Symphony Orchestra extrem op Diversitéit opgepasst a knapp 62% weiblech Kompositioune gespillt.
Déi ganz Etüd fannt dir ënner www.donne-uk.org