D’Yuja Wang ass eng vun de aflossräichste Pianistinne vun eiser Zäit. Si ass bekannt fir hir technesch Brillanz an och hir éischter onkonventionell Bünepresenz: Programmer, déi si spontan ëmstellt an Optrëtter, déi an der klassescher Musekswelt ëmmer erëm fir Gespréichsstoff suergen.
An elo kritt d’Yuja Wang eng éigen Dokumentatioun. De Film heescht “YUJA” a kënnt vun der brittescher Regisseurin Lorna Tucker, déi bekannt ass ënner anerem fir hir Filmer iwwer d’Vivienne Westwood an d’Katherine Hepburn.
Am Zentrum steet d’Yuja Wang um Héichpunkt vun hirer Karriär: eng Kënschtlerin, déi eege Reegelen opstellt an sech musikalesch ëmmer erëm nei erfënnt. De Film begleet si duerch hire gefëllten Alldag op Tournée a virun allem stellt en d’Fro, wat fir e Präis dëse Succès huet. D’Yuja Wang muss ëffentlech Erwaardungshaltung, medial Opmierksamkeet och ofgesi vun der Musek, an den éigenen Usproch un d’Konscht navigéieren.
Déi nei Doku ass net deen éischte Film iwwer d’Yuja Wang – schonn 2018 ass de Film “Through the Eyes of Yuja” erauskomm.Mee dës nei Doku versprécht elo een däitlech mäi perséinleche Bléck op eng Kënschtlerin, déi sou vill méi ass wéi een Ausnametalent um Piano.
“YUJA” soll den 10. September2026 erauskommen.