Eng Uropféierung, eng zäitgenëssesch Sinfonie mat Tounband an eng Sinfonie vum Beethoven - allen dräi beschäftegen se sech mat der Natur an hirer Wierkung op de Mënsch.
"Arcipelaghi insonni" vum italieenesche Komponist Pasquale Punzo huet bei dësem Concert seng Uropféierung gefeiert. Et geet hei ëm en Archipel u Klanginselen. Den Auditeur gëtt vun enger Insel op déi aner geleet an an en Trance-Zoustand tëschent Dram a Realitéit, tëschent Erënnerung an dem Hei an Elo versat.
Dem Brett Dean seng "Pastoral Symphony" aus dem Joer 2000 thematiséiert d'Natur an hir Schéinheet, mee grad esou och den Afloss vum Mënsch op dës. Ufanks imitéieren d'Orchesterinstrumenter nach d'Kläng vun de Villercher, mee no an no gräife Friemkierper an, déi dës Klangwelt lues awer sécher zerstéieren - déi mechanesch Kläng vun der Industrialiséierung.
Als Pendant dozou spillt d'Deutsche Radio Philharmonie ënnert der Leedung vum Martyn Brabbins dann nach dem Ludwig van Beethoven seng allsäits bekannte 6. Sinfonie a Fa Majeur mam Bäinumm "Pastorale". Dëst Wierk thematiséiert, wéi mir d'Natur an d'Liewen um Land an hiren ënnerschiddleche Facetten empfannen.
Dir kënnt dëse Concert nach bis de 4. November 2026 an eiser Opus-Mediathéik nolauschteren.
Programm:
Pasquale Punzo (1987): "Arcipelaghi insonni" fir Orchester
Brett Dean (1961): "Pastoral Symphony" fir Kammerorchester an Tounband
Ludwig van Beethoven (1770-1827): Sinfonie Nr.6 a Fa Majeur, Op. 68 "Pastorale"
Interpreten:
Brett Dean, Tounband
Deutsche Radio Philharmonie
Martyn Brabbins (Dir.)