Et ass net just e fulminanten a virtuose Programm mam Strawinsky sengem "L'Oiseau de feu" a mam Tschaikowski sengem Geieconcerto. Een Aspekt, deen een an deem ganzen Optrëtt vum European Union Youth Orchestra (EUYO) erëmfënnt, ass d'Verbindung zu traditionelle Melodien aus Europa. Sief et folkloristesch Elementer aus Rumänien, Russland oder Norwegen, se bréngen alleguerten e positiven, dänzeresche Flair mat. Fir gutt Stëmmung ass bei dësem summerlechen Open-Air-Concert also gesuergt.
Programm:
George Enescu (1881-1955): Rapsodie Nr.1, Op. 11
Piotr I. Tschaikowski (1840-1893): Concerto fir Gei a Ré Majeur, Op. 35
Igor Strawinsky (1882-1971): Scherzo à la Russe
Igor Strawinsky (1882-1971): Véier norwegesch Stëmmungen
Igor Strawinsky (1882-1971): L'Oiseau de feu (Versioun 1919)
Jaime Texidor Dalmau (1884-1957): Amparito Roca, arr. Aubrey Winter (Zugab)
Interpreten:
Alina Ibragimova, Gei
European Union Youth Orchestra
Ivan Fischer, Direktioun
Dëse Concert gouf de 16. August 2025 op der Open-Air-Bün "Wolkenturm" zu Grafenegg an Éisträich opgeholl. D'Opnam ass disponibel bis den 29. August 2026.