Dëse Concert d'enseignants vum Conservatoire vun Esch-Uelzecht stellt sechs Concertoe vum Johann Sebastian Bach an de Mëttelpunkt: seng sougenannte "Brandenburg-Concertoen". Deen Numm kënnt net vum Bach selwer, mee e Bach-Biograph huet se esou genannt, well de Bach se dem Markgraf Christian Ludwig vu Brandenburg geschenkt huet. Den Originaltitel war "Six Concerts avec plusieurs instruments" - an dësem Concert héiere mir allerdéngs net d'Orchesterversioun, mee een Arrangement fir zwee Pianoen. Um Piano sinn d'Annie Kraus an de Christian von Blohn.
Dëse Concert gouf de 7. Mäerz am Auditorium vum Conservatoire de Musique Esch-sur-Alzette opgeholl, an de Matschnëtt ass nach bis de 27. Oktober an eiser Mediathéik disponibel.
Programm:
Johann Sebastian Bach (1685 – 1750): Concerto Nr.1 a Fa Majeur, BWV 1046
Johann Sebastian Bach (1685 – 1750): Concerto Nr.4 a Sol Majeur, BWV 1049
Johann Sebastian Bach (1685 – 1750): Concerto Nr.2 a Fa Majeur, BWV 1047
Johann Sebastian Bach (1685 – 1750): Concerto Nr.5 a Ré Majeur, BWV 1050
Johann Sebastian Bach (1685 – 1750): Concerto Nr.3 a Sol Majeur, BWV 1048
Johann Sebastian Bach (1685 – 1750): Concerto Nr.6 a Si bémol Majeur, BWV 1051
Interpreten:
Annie Kraus (Piano)
Christian von Blohn (Piano)