Däitschland

Wéinst Spionageverdacht festgeholl: Bei Ex-BND-President soll et net ëm Russland goen

De fréiere President vum däitsche BND August Hanning gouf de Moie wéinst Verdacht op Spionage festgeholl. Och e fréieren enke Mataarbechter gouf festgeholl, esou de Generalbundesanwalt zu Karlsruhe.

auto_stories

1 min

Den August Hanning am Joer 2015 | © EPA/MICHAEL KAPPELER
Den August Hanning am Joer 2015 (Foto: EPA/MICHAEL KAPPELER)

Informatioune vu WDR, SWR a Süddeutscher Zeitung no, soll et net ëm eng Verbindung zu Russland goen.

Der Bundesanwaltschaft no, stéing den Hanning ënnert dem Verdacht op Landesverrot, probéierte Landesverot an Agentenaktivitéit. Säi Mataarbechter kritt Bäihëllef virgehäit.

Geheimdéngscht-Chef bis 2005 - duerno Sécherheetsberoder

Den August Hanning war vun 1998 bis 2005 Chef vum Bundesnachrichtendienst. Duerno war hie Staatssekretär am däitschen Inneministère. No dëser Aktivitéit war hien an d’Privatwirtschaft gewiesselt an huet als Sécherheetsberoder geschafft.