Dausende Leit an Däitschland melle sech preventiv vum Militärdéngscht of
An Däitschland hëlt d‘Zuel vu "Krichsverweigerer“ weider staark zou, dat obwuel et weider keen obligatoresche Militärdéngscht gëtt. An den éischten aacht Méint vum Joer goufe méi wéi 12.000 deementspriechend Demandë beim zoustännege Bundesamt gemaach. Dat mellen däitsche Medien.
Am Verglach waren et d'lescht Joer insgesamt nëmmen 3.900 Persounen, déi sech vum Militärdéngscht ofgemellt hunn.
Ee Grond fir déi staark Hausse dierft dat neit Militärdéngscht-Gesetz sinn, dat zënter Januar a Kraaft ass. Et gesäit zwar keen obligatoresche Militärdéngscht vir, mee jonk Männer mussen e Questionnaire ausfëllen, wa si 18 Joer al ginn.