Fussball-WM 2026

Wann de leschte Béier ze fréi kënnt: Mat dobäi um Public Viewing an der Stad

Duerch e spéide Gol konnt Spuenien sech knapp mat 1:0 an der WM-Aachtelsfinall géint Portugal behaapten. Och zu Lëtzebuerg gouf de Match vu ville Leit interesséiert matverfollegt. E puer Honnert vun hinnen hate sech um Glacis an der Stad versammelt fir de Match zesummen um groussen Ecran ze kucken.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

© Pit Beffort play_arrow
(Foto: Pit Beffort)

De Schlusspëff war knapps ertéint, do loungen déi spuenesch Supporter sech schonn an den Äerm, hunn hire Fändel geschwenkt, gesongen, a gefeiert. 

"Ech si ganz enttäuscht"

Gläichzäiteg ass de Glacis awer ganz séier méi eidel ginn. Vill portugisesch Supporter hu sech direkt nom Match op den Heemwee gemaach, wärend anerer nach ongleeweg op de groussen Ecran gekuckt hu wou déi spuenesch Ekipp hir Victoire gefeiert huet.

E battere Moment fir déi honnerte portugisesch Supporter.

"Ech hätt gär gehat, wa si gewonnen hätten, och wéinst dem Ronaldo, well et seng lescht WM ass. Ech si ganz enttäuscht."

"Zimmlech traureg. Mee bon, si hu schonn de leschte Match net vill gespillt. Dofir konnt een net erwaarden, datt si haut géifen alles ginn."

"Et ass natierlech schäiss, mee et muss ee soen, datt d'Spuenier vill méi geféierlech ware wéi Portugal."

"Ech sinn e bëssi enttäuscht vu Portugal. De Gol war e Feeler vun der Verteidegung. Well de Verteideger aus senger Positioun kënnt an e Lach opmécht. Mee elo einfach dru gleewen fir déi nächst Joren."

Virum Match waren d'Portugisen nach ganz zouversiichtlech

Just e puer Stonne méi fréi war d’Stëmmung nach eng ganz aner. Knapp eng Stonn virum Match huet sech de Glacis bei agreabele 25 Grad esou lues mat Leit gefëllt.

Wärend d’Sonn ënnergaangen ass si vill portugisesch Supporter am Trikot, oder mam Fändel op de Schëlleren, um Glacis ukomm. A si all hate virun allem eppes: D’Hoffnung géint Spuenien ze gewannen a sech fir d’Véierelsfinall ze qualifizéieren.

"Je pense bien que cette année, le Portugal a une bonne chance de réussir."

"Portugal wäert 2:1 gewannen - ee Gol vum Ronaldo."

"5:1 Portugal - An de João Cancelo wäert e Gol schéissen."

"Haut ass Portugal de Gewënner. 100 Prozent!"

© Pit Beffort
(Foto: Pit Beffort)

Trotz wichtegem Match eng friddlech Stëmmung

Déi allermeescht Supporter gëschter Owend ware fir Portugal. Mee och eng Rëtsch Spuenier haten et sech mat hire Faarwen an hirem Fändel um Glacis gemittlech gemaach. Alleguerte ware si um Glacis vermëscht. Et war scho bal eng frëndschaftlech Atmosphäre, bei engem Match, deen awer fir béid Ekippen esou wichteg ass. 

Mam Ustouss war d’Stëmmung um Glacis dunn direkt eng aner. Béid Säite waren ugespaant an hunn de Match konzentréiert materlieft. All kéiers, wann eng Ekipp dem Gol méi no komm ass, ass et haart um Glacis ginn: Esouwuel wann d’Spuenier attackéiert hunn, wéi och wann d’Portugise geféierlech gi sinn. 

Spéit Defaite, mee fair Verléierer

Laang kruten d’Supporter um Glacis awer just Chancen ze gesinn, ouni datt den decisive Gol fir eng vu béiden Ekippe wollt falen. A wärend verschiddener sech scho rëm an d’Schlaang gestallt hate fir e Béier ze bestellen an d’Verlängerung ze kucken, ass awer nach den entscheedende Gol gefall.

Den agewiesselte Mikel Merino huet déi spuenesch Supporter um Glacis an der Nospillzäit erléist. Déi portugisesch Fans hunn hir Néierlag awer ganz sportlech geholl an d’Leeschtung vun de Spuenier unerkannt.

"D'Spuenier haten eebe méi Chance. Da musse mir elo eeben och mat de spuenesche Kolleegen e bësse frou sinn."

"Ech mengen, egal wéi eng Ekipp gewonn hätt, wier verdéngt op deenen zwou Säiten. Déi zwou Ekippen hunn alt gutt gespillt, dofir war et halt eng Saach vu Chance, fannen ech."

© EPA/CHRISTOPHER NEUNDORF
(Foto: EPA/CHRISTOPHER NEUNDORF)

Oneenegkeet iwwer de Cristiano Ronaldo

Manner eens ware sech d’Supporter vu Portugal dogéint iwwer de Cristiano Ronaldo.

"Hie wäert nimools eng WM gewannen. Hien huet awer säin Deel fir d'Land bäigedroen. Et muss een him wierklech Merci soen. An elo ass et un der nächster Generatioun, dat weiderzeleeden."

"Datt de Ronaldo de ganze Match gespillt huet war e bëssen onnéideg. Ech fannen, hien hätt kënnen eng Hallschent spillen an déi zweet wier dann de Gonçalo Ramos erakomm."

Fir d’Portugise bleift um Enn just Frust an Enttäuschung, fir d’Spuenier dogéint déi grouss Freed doriwwer sech fir d’Véierelsfinall qualifizéiert ze hunn.

E Freideg den Owend hu si dann d’Chance sech fir d’Halleffinall ze qualifizéieren. An och da wäerte rëm eng ganz rëtsch Supporter vun der Furia Roja de Wee op de Glacis siche fir do kënnen zesummen ze feieren.

Lauschterenplay_arrow