Fussball-WM 2026

Bellingham a Kane eliminéiere Mexiko - Och Brasilien ass eraus

Norwegen a Brasilien heeschen déi nächst Véierelsfinalisten op der Fussball-Weltmeeschterschaft. Domat konnte sech gëschter Owend, respektiv an der Nuecht eiser Zäit, béid europäesch Ekippen an hire respektiven Dueller duerchsetzen. 

auto_stories

2 min

©  EPA/ALEX CRUZ
(Foto: EPA/ALEX CRUZ)

De Match Brasilie géint Norwegen ass hëtzeg gestart. No knapp 3 Minutte louchen d'Norweger scho mat 1:0 vir, kruten de Gol wéinst Abseits awer oferkannt.

Kuerz drop kréien d’Brasilianer en Eelefmeter, deen de Bruno Guimaraes awer verschoss huet.

Duebelen Haaland suergt fir Entscheedung

Norwegen hat insgesamt méi vum Ball an huet och an der zweeter Hallschent dunn den Toun uginn.

Schliisslech war et an der 79. Minutt den Erling Haaland, dee säi Land mat 1:0 a Féierung konnt bréngen.

An der 90. huet hien den Deckel mam 2:0 dropgemaach.

Dem Neymar säin Eelefmeter an der 10. Minutt vun der Nospillzäit koum ze spéit. 2:1 gewannen d’Norweger also géint Brasilien.

England trotzt an Ënnerzuel de Mexikaner

De Match Mexiko géint England huet misse wéinst Donnerwiederen ëm eng Stonn verréckelt ginn. D’Waarden hat sech awer gelount.

An enger animéierter Partie, an där d’Englänner am Azketestadion deelweis vun de mexikanesche Fans ausgebuht goufen, konnte sech béid Ekippe Golchancen erausspillen.

Mexiko hat souguer liicht méi vum Match, éier den Jude Bellingham mat 2 Goler bannent 2 Minutten an der éischter Hallschent fir eng Virentscheedung suerge konnt.

An der 54. Minutt krut dunn awer deen englesche Verteideger Jarell Quansah déi Rout Kaart, mee England konnt duerch e Kane-Eelefmeter esouguer op 3:1 erhéijen.

Dem Jiminez säi Gol an der 69. Minutt huet nach emol Hoffnung gemaach, mee England huet bis zum Schluss hir Féierung iwwer d’Zil gerett.

Norwegen an England treffen elo an der Véierelsfinall openeen.