Sport

COSL begréisst geplangte Reform vu Subside fir Sportveräiner

De Lëtzebuerger Olympesche Kommitee begréisst déi geplangte Reform vun de Subside fir d'Sportsveräiner. Den entspriechende Gesetzesprojet, deen d'CSV Sportministesch Martine Hansen virun dräi Woche virgestallt huet, géif ganz kloer an déi richteg Richtung goen, sot de COSL-President Michel Knepper.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois play_arrow
(Foto: Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois)

"Lëtzebuerg lieft Sport" heescht de Gesetzesprojet, mat deem den aktuelle Subventiounssystem fir d‘Sportveräiner duerch dräi Subside soll ersat ginn. Dorënner deen neie Subside "Sport et Société", mat Accent um sozialen, edukativen an inklusiven Aspekt vum Sport. Vun deem Subside sollen neierdéngs all d‘Veräiner kënne profitéieren, ouni Alterslimitt, a fir all Sportaart, egal op se kompetitiv ass oder net. Dat begréisst de COSL-President Michel Knepper.

"Mir hätte jo awer och gären, datt mir eis ganz Gesellschaft wëlle sensibiliséieren, fir sech méi ze beweegen. An duerfir mussen och Sportaarten, déi wou et vläicht manner kompetitiv ass, datt déi och kënne genee esou profitéieren."

Benevolat steet weider am Mëttelpunkt

Deen zweete Subside, deen aktuelle Qualité+, soll bestoe bleiwen. Deen ass fir Veräiner, déi um Benevolat opgebaut sinn. An deen drëtte Subside, deen neie Pro+, ass fir professionell Clibb. Obwuel eng Professionaliséierung vum Sport gefërdert gëtt, géif de Benevolat, deen ofgeholl huet, weider am Mëttelpunkt stoen.

"D'Häerz an d'Séil vun enger Federatioun oder vun engem Veräin ass awer nach ëmmer de Benevolat. An et kann net sinn, datt op eemol de Professionellen dann de Benevolat widder de Kapp stéisst, an datt déi dann op eemol soen, majo deen dote gëtt jo bezuelt, da kann deen d'Aarbecht maachen … an ech mengen, dat ass dee grousse Challenge an deem Ganzen, datt mir do e gesonden Equiliber fannen, datt de Benevolat ka mam Professionalismus zesumme fonctionéieren."

COSL gëtt bei Iwwerleeunge vum Ministère mat agebonnen

De COSL-President Michel Knepper hat d‘lescht Woch nach eng Reunioun mat der Sportministesch Martine Hansen. Dat wichtegst elo wier et, d‘Veräiner mat der Hand op de Wee vum neie System ze huelen, seet de Michel Knepper. Hie begréisst, datt de COSL do enk matagebonne gëtt.

"Ech mengen de Ministère ass awer méi wäit ewech vun de Verbänn a vun de Veräiner. An duerfir ass et ëmsou méi wichteg, datt de Comité Olympique do an déi ganz Aarbecht matagebonne gëtt."

Iwwer de Gesetzesprojet muss nach am Parlament ofgestëmmt ginn. Déi nei Subside sollen da progressiv vum September d‘nächst Joer un a Kraaft trieden. Den zousätzlech Käschtepunkt ass vun 2029 un an Héicht vu ronn 20 Milliounen Euro.

Lauschterenplay_arrow