Fussball-WM 2026

Argentinie gewënnt no verréckter Schlussphas, d'Schwäiz no Eelefmeterschéissen

Argentinien an d'Schwäiz stinn an de Véierelsfinalle vun der Fussball-WM. D'Schwäizer konnte sech am Eelefmeterschéisse mat 4:3 géint Kolumbien duerchsetzen. Argentinie gewënnt säi Match gëschter Owend mat 3:2 géint Ägypten, stoung awer kuerz virdrun, eliminéiert ze ginn.

auto_stories

2 min

© EPA/RONALD WITTEK
(Foto: EPA/RONALD WITTEK)

Et wier bal d‘Sensatioun vum Tournoi gewiescht. Ägypten hat Argentinie ganz no un der Eliminatioun.

Äiskal ausgekontert

No 15 Minutten ass den Underdog no engem Corner a Féierung gaangen. Kuerz drop huet de Lionel Messi en Eelefmeter verschoss. Argentinien hat zwar méi Chancen, stoung sech awer deels selwer am Wee.

An der zweeter Hallschent hunn d‘Ägypter op Konter gespillt, an dat mat Succès. Als éischt an der 58. Minutt. De Gol gouf no Interventioun vum VAR wéinst engem Foul awer oferkannt.

Zéng Minutten drop nees e Konter, nees e Gol. Dës Kéier huet e gezielt.

Mat den eegene Mëttel geschloen

Argentinien huet sech doropshin zesummegerappt. 79. Minutt: Flank Messi, Käpper Romero, 1:2. Fënnef Minutten drop war et de Messi selwer, deen den Ausgläich markéiert huet.

An der 92. Minutt konteren d'Argentinier selwer, an den Enzo Fernandez käppt d‘Albiceleste an d‘Véierelsfinall.

Schwäiz gewënnt Duell op Aenhéicht

Do trëfft se op d'Schwäiz, déi sech am Eelefmeterschéisse géint Kolumbie konnt duerchsetzen. Virdrunner hunn d‘Zuschauer am Stadion zu Vancouver eng ausgeglache Partie gesinn.

An der Verlängerung waren d‘Kolumbianer dem entscheedende Gol zwar méi no, dofir haten d'Schwäizer am Eelefmeterschéissen awer déi besser Nerven.

Et ass déi éischte Kéier zënter 1954, datt d'Ekipp an enger Véierelsfinall vun enger WM steet.