Stater Geriicht

Urteel: Äiskënschtler zu engem Joer Prisong mat Sursis a Geldstrof verurteelt

Um Enn vum Prozess ëm dat déidlecht Accident, am November 2019, um Chrëschtmaart an der Stad hunn d’Riichtere just den Äiskënschtler, deen d’Skulptur geschafen hat, an e Mataarbechter vun him verurteelt.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© Adobe Stock play_arrow
(Foto: Adobe Stock)

Dogéint goufen e Responsabele fir Evenementer beim Tourismusbüro LCTO an de “Luxembourg City Tourist Office” selwer, fir déi och Strofe gefrot gi waren, fräigesprach, genee wéi 6 aner Beschëllegter.

Strofe fir den Aiskënschtler a säi Mataarbechter

Fir den Äiskënschtler gouf mat engem Joer Prisong mat Sursis genee déi vum Parquet gefuerdert Strof gesprach. Säi Mataarbechter koum iwwerdeems mat néng Méint Prisong mat Sursis méi schlecht ewech, wéi déi verlaangte sechs Méint mat Sursis. Donieft kruten déi zwee Geldstrofe vu 5.000 Euro, respektiv 1.500 Euro, a si mussen zéng Niewekläger am Ganzen eppes méi wéi eng Véierelsmillioun Euro Schuedenersatz bezuelen.

Zefridden Affekoten

D’Eltere vum Affer kruten nämlech eppes Klenges méi wéi 160.000 Euro zougesprach, an aacht aner Familljememberen zesummen 90.000 Euro. Datt e Responsabele fir Evenementer beim Tourismusbüro LCTO mat engem Fräisproch dovu koum, amplaz vun de gefuerderten néng Méint Prisong mat Sursis, huet deem säin Affekot, de Me Nicolas Bauer, gefreet:

“Moi je suis très content pour mon client, effectivement, qui a obtenu un acquittement, donc, contre les réquisitions du parquet. Donc, cest le seul, effectivement, qui a obtenu ce résultat. Il faudra voir maintenant ce que le parquet décide de faire, s’il y a appel ou pas. Donc, on attend.”

Bei der Me Ewerling, Affekotin vum “Luxembourg City Tourist Office”, fir deen de Parquet eng Geldstrof gefrot hat, war d’Reaktioun déi selwecht: si huet sech ganz zefridde gewisen.

“Mir mussen natierlech elo ofwaarden, och mol d'Motivatiounen einfach ze liesen. Mir ginn dovun aus, datt d'Riichteren eisen Argumenter nokomm sinn, a bis elo kenne mer frou sinn. Bon, et muss een natierlech 40 Deeg ofwaarden. De Parquet huet d'Méiglechkeet, Appell ze maachen, déi waarde mer elo of, an dann, wann déi 40 Deeg eriwwer sinn, ech mengen, da si mer nach méi frou.”

Den Affekot vun den Eltere vum Affer sot, fir déi wär dëst Urteel eng Etapp. Et géif een d’Urteel elo analyséieren a kucken, ob a wa jo, wéi et virugeet.

Déidlecht Accident 2019

Virun eppes méi wéi sechs Joer war e Stéck vun enger Äisskulptur op e Jong vun zwee Joer gefall. Deen hat d’Accident net iwwerlieft. Néng Beschëllegt souwéi den LCTO kruten ënnert anerem wéinst Homicide involontaire de Prozess gemaach. Am Prozess hat de Vertrieder vum Parquet gesot, d’Accident wär geschitt, well d’Skulptur op ale Pallette gestanen hätt a vun Ufank un onstabel gewiescht wär.

Lauschterenplay_arrow