Bommeleeër

Staat iwwerhëllt keng Affekotskäschte vun den initial Ugekloten am Bommeleeër-Prozess

D’Fuerderung vun den Affekote vun den initial Ugekloten am Bommeleeër-Prozess Marc Scheer a Jos Wilmes, datt de Stat deenen hir Affekotekäschten iwwerhëlt, gouf zeréckgewisen. De President vum Tribunal administratif huet de Moien en entspriechend Urteel gesprach.

auto_stories

1 min

© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

Haut virun enger Woch war sech um Verwaltungsgeriicht mat deem Thema befaasst ginn. Um Référé goung et ëm de véierfache Refus vum Stat, tëschent 2008 an 2025, fir den zwee fréiere Membere vun der Brigade mobile vun der Gendarmerie Protection juridique zoukommen ze loossen.

De Me Hirsch an de Me Lehnen haten dat kritiséiert, mee hir Cliente kruten de Moien Onrecht.