Fir déi dräi Ugekloten, déi ee Joer feste Prisong kruten, kënnt nach eng Geldstrof vun allkéiers 5.000 Euro dobäi an eemol e Verbuet vu fënnef Joer, fir am ëffentlechen Déngscht ze schaffen.
Dee véierte Beschëllegten, de Basket-Nationalspiller Joé Kalmes, krut zwee Joer Prisong mat Sursis an eng Geldstrof vun 2.000 Euro.
Onkloer, ob Ugekloter an Appell ginn
Fir deem säin Affekot, de Me Fränk Rollinger, läit d’Urteel géint säi Client iergendwou tëschent der Fuerderung vum Parquet an där vun den Affekoten. Hie misst elo mam Client kucken, ob deen Appell wëllt maachen oder net.
"Elo kann de Client sech soen, et ass elo ofgeschloss, och wann ech net a sech averstanen domat sinn, datt ech soll schëlleg sinn, ma ech maachen einfach elo e klore Cut, datt dat vläicht méi wichteg ass, wéi dann eben en Appell ze maachen, och wann een ebe seet, ech sinn a sech elo net der Iwwerzeegung, datt ech do dat falsch gemaach hunn um Penalen, wat mer virgeworf gëtt."
Den Haaptugeklote soll am Mee 2023 e Mann, dee voll war, e puermol geschloen hunn. De Joé Kalmes an e Matugeklote wieren dobäi gewiescht.
De véierte Beschëllegte soll no der Dot mat probéiert hunn, fir d’Dot ze vertuschen. Déi véier waren zwee Méint drop festgeholl ginn an an Untersuchungshaft komm. An der Suite dovu goufe si suspendéiert.
D’Affer krut haut iwwregens 5.000 Euro moralesche Schuedenersatz zougesprach.