Stater Geriicht

Prozess géint 112-Operateur: d'Urteel gëtt de 14. Juli gesprach

Beim Ofschloss vum Prozess um Dënschdeg huet d'Defense de Fräisproch vun hirem Client gefrot. De Parquet hat d'lescht Woch wéinst ënnerloossener Hëllef ee Joer Prisong mat Sursis an eng ugemoosse Geldstrof fir deen 39 Joer ale Mann verlaangt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / CHROMORANGE | Elke Münzel play_arrow
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Elke Münzel)

Am Februar 2024 hat eng deemools 41 Joer al Fra d’Noutruffzentral vum CGDIS ugeruff a gesot, si hätt ze vill Medikamenter geholl. Si hat bäigefléckt, datt den Owend schlecht ausgoe géif, wa si esou weiderfuere géif. Den Operateur hat awer keng Ambulanz bei si geschéckt. Véier Deeg drop, am Mäerz 2024, war der Fra hir Läich fonnt ginn.

Me Grasso: "kee kausalen Zesummenhank"

Den Affekot vum Beschëllegte gesäit kee kausalen Zesummenhank tëschent dem Doud vun der Fra an dem Handele vu sengem Mandant. Dowéinst sollt de Mann fräigesprach ginn, esou de Me Rosario Grasso. Um 112 géifen alt mol Leit fir egal wat uruffen. D’Fra hätt wëlle mat engem schwätzen an de Beschëllegte si net wëlle lassginn; béides war aus dem Message, deen d’lescht Woch um Ufank vum Prozess virgespillt gi war, awer net erauszehéieren.

Säi Mandant wier net genervt gewiescht vun der Fra hirem Appell, huet den Affekot gemengt. Mee wann en Telefon erakënnt, da misst séier decidéiert ginn. Wuel kéint dem Ugeklote seng Fro “Firwat rufft Dir hei un?” an deem Kontext derangéieren. Eng disziplinaresch Enquête géint hie wier awer ouni Suitte bliwwen.

Fir de Me Rosario Grasso wier de Problem vun der Fra och net onbedéngt geléist ginn, wann eng Ambulanz komm wier. D’Informatiounen, déi den Ugekloten duerch den Appell gehat hätt, hätten net gewisen, datt si a grousser Gefor wier, a si wier sech vläicht bewosst ginn, datt si eng alternativ Léisung fanne kéint.

Schuedenersatz fir d'Eltere vum Affer gefrot

Den Affekot huet och d’Fro gestallt, ob de Parquet de Message wéilt ginn, datt egal wéi no engem Appell eng Ambulanz eraus misst; seng Äntwert dorop war, datt net allkéiers eng kéint geschéckt ginn. Fir d’Defense stellt dëse Prozess och e Prezedenzfall duer. Beim CGDIS géife sech dann och vill Froen am Zesummenhank mat dësem Prozess gestallt ginn.

Do virdrun hat d’Me Retif, Affekotin vun den Eltere vum Affer, bal 130.000 Euro Schuedenersatz fir si gefrot. Ganz um Enn sot den Ugekloten nach, datt den Doud vun der Fra him leed doe géif, an datt kee schlechte Wëlle virgeleeën hätt.

Lauschterenplay_arrow