De Schüler hätt d'Granat opgehuewen fir se zeréck op d'Police ze schéissen, wéi déi a senger Hand explodéiert ass, esou eng Policegewerkschaft.
D‘Schülerinnen a d'Schüler protestéieren zënter Enn September géint e Manktem un Enseignanten an eng schlecht Ausstattung an hire Schoulen. D‘Protester sinn zum Deel a Gewalt ëmgeschloen.
Eidel Poste solle prioritär besat ginn
De franséische Premier Sébastien Lecornu hat gëschter um Sonndegowend annoncéiert, op d'Fuerderunge vun de Proffen a Schüler:innen agoen ze wëllen. Hien hätt seng Ministeren domat beoptraagt, e Plang opzestellen.
Iwwerdeems sollen eidel Posten, respektiv Plazen, op deene Léit scho länger absent sinn, prioritär nei besat ginn. En éischte Bilan an de verschiddene Schoul-Administratioune soll de 16. Oktober gezu ginn.
De Sébastien Lecornu hat och dozou opgeruff, de Cours dës Woch nees opzehuelen, esouwäit d'Sécherheet et erlaabt.
Zu Metz an aner Stied an der Lorraine huet d'Prefecture de la Moselle haut a muer Rassemblementer viru Lycéeë verbueden. D'Protester uechter Frankräich ginn trotzdeem weider.
UNEL weist op Investitiounsproblemer hin
D‘Lëtzebuerger Studenten-Unioun weist sech solidaresch mat de Lycéesschüler:innen, déi a Frankräich protestéieren. An engem Communiqué vun der UNEL heescht et, si wier solidaresch mat deenen, déi de Manktem un Enseignanten a Material, an déi onwierdeg Sécherheets- a Hygienskonditiounen an de Lycéeën a Frankräich denoncéieren.
Fir d’UNEL sinn d’Problemer, déi déi franséisch Lycéesschüler uschwätzen, virun allem d’Resultat vun ze wéinegen Investissementer an d’Educatioun. Et géif net nëmmen u Léierpersonal feelen, mee deelweis och u Material an u gudde Konditiounen an de Schoulgebaier.
"D’Problemer selwer, déi mer do gesinn, versti mer ganz gutt. Et ass e Mangel u Léierpersonal, schlecht Materialien. Et feelt u Still an u Bänken an de Schoulen. Hygiènesproblemer, Sécherheetsproblemer. Et ass e ganz kloren Investitiounsproblem."
Friddlech Beweegung net op Gewalt reduzéieren
D‘UNEL géif och d‘Policegewalt géint Demonstrante verurteelten, heescht et an hirem Communiqué. Si preziséiert: D'UNEL géif all Form vu Gewalt verurteelen, och déi vun de Manifestante bei hire Protester.
Et wier schued, datt eng Beweegung, déi pazifistesch ugefaangen huet a gréisstendeels nach ëmmer pazifistesch ass, op d'Gewalt reduzéiert gëtt, erkläert den Angelo Locatelli, de Generalsekretär.
"Op där enger Säit maache ganz vill Schüler einfach hire Lycée zou a bleiwe virum Lycée, wärenddeem dann eebe vun der Police selwer Tréinegas op si gehäit gëtt, einfach fir se vun enger gewësser Plaz fortzehuelen, munchmol souguer ouni datt wierklech eppes geschitt ass, oder einfach dass vun der Police Schüler:innen, déi näischt direkt mam Mouvement ze dinn haten, dann eeben einfach mat inkludéiert ginn, well si doniewent stoungen."
Dat kéint awer net eng kollektiv Repressioun oder en disproportionéierte Gebrauch vu Force géint all d‘Demonstrante rechtfäerdegen. D’Responsabilitéit vun eenzelnen Demonstranten dierft net gebrauch gi fir d’Manifestatiounsrecht vun Dausende Jonken a Fro ze stellen, esou d‘Lëtzebuerger Studenten-Unioun.
Jugend vum OGBL och solidaresch
Och d'Jugend vum Onofhängege Gewerkschaftsbond OGBL, den OGJ, weist sech an engem Communiqué solidaresch mat de Protester. D'Schüler:inne wéilte mat de Protester Gehéier fannen. Mat enger "neoliberaler Gewalt" géif de Budget fir de franséische Schoulsystem gekierzt ginn, wat zu de bekannte Problemer géif féieren, heescht et am Communiqué.
D'Reaktioun vun der franséischer Regierung, mat Gewalt géint hir eege Kanner virzegoen, géif dës Well u Protester net kleng kréien, esou den OGJ.
Fir déi nächst Deeg si weider Schülerprotester a Frankräich annoncéiert.