Sport

Luc Holtz als Trainer vum FC Metz entlooss ginn - Adjoint Mario Mutsch geet och

De fréiere Lëtzebuerger Fussball-Nationaltrainer war nëmme knapp dräi Méint zu Metz an huet just siwe Championnatsmatcher gecoached.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Foto Huebner | Foto Huebner
(Foto: picture alliance / Foto Huebner | Foto Huebner)

De Luc Holtz géif "d‘un commun accord" den FC Metz verloossen. Och säin Adjoint, de Mario Mutsch, géif net beim FC Metz bléiwen.

Successeur soll de Grégory Proment ginn, e fréiere Spiller vu Metz, dee réischt virun engem Mount e Vertrag beim marokkanesche Fussballverband ënnerschriwwen hat.

Zweet Veräinsstatioun am Profifussball

Den FC Metz steet aktuell an der Ligue 2 op der 5. Plaz, dat 6 Punkten hanner dem Tabelleleader St.-Étienne a mat véier Punkte Retard op déi zweet direkt Opstigsplaz. Virun der Saison wat d'Zil vun de Metzer den Opstig. Dat nodeems "Les grenats" d'lescht Saison aus der Ligue 1 ofgestige waren.

De Luc Holtz hat viru senger Statioun bei Metz den SV Waldhof Mannheim trainéiert. Do virdru war de Lëtzebuerger bekanntlech knapp 15 Joer laang Trainer vun der Lëtzebuerger Nationalekipp.

Aktuell steet mam Hamza Kadamani ee Lëtzebuerger am Kader vum FC Metz. De réischt 17 Joer jonke Stiermer ass dës Saison schonn op 5 Asätz komm an ass och an der aktueller Nations-League-Campagne fir d'Rout Léiwen am Asaz.