Bal 2.000 Persoune goufen eleng gëschter am Kader vun de Schoulprotester verhaft, eng 235 goufen zënter Méindeg blesséiert.
Well d'Situatioun gëschter op ville Plazen eskaléiert war a Schoulgebaier beschiedegt oder a Brand gesat goufen, setzt d'Regierung haut op verstäerkte Policemobilisatioun.
Nei Frais-d'inscriptione goufe gestrach
Wéi den Educatiounsminister Édouard Geffray gëschter Owend op France 2 annoncéiert hat, bleiwen haut vill Lycéeën am Land zou. Den Educatiounsminister wëllt iwwerdeems haut mat de Schüler- an Eltereverbänn zesummekommen, fir eng Léisung fir de Konflikt ze fannen.
Den Inneminister hat gëschter Owend schonn annoncéiert, datt all Protestaktiounen am Ëmfeld vun de Lycéeën, déi haut zou bleiwen, verbuede sinn.
D’Regierung huet awer schonn op d’Fuerderunge vun de Jonke reagéiert. Eng ëmstridde Mesure am Budgetsplang, no där d'Schüler:innen am BTS hir Frais-d’inscriptione selwer hätte misse bezuelen, gouf nach de selwechten Owend gestrach.
Parallel si Budgetspresentatiounen
Moies hat d’Regierung hire Budgetsplang presentéiert, deen dorop erausleeft, datt 54 Milliarden Euro agespuert solle ginn. Ënner anerem sollen d’Wunnengs- a Familljenhëllefen net indexéiert ginn, an och bei de Remboursementer vu Medikamenter soll gespuert ginn.
D’Sozialisten, op där hir Ënnerstëtzung d’Regierung ugewisen ass, hunn erkläert, datt am Budgetsplang näischt dran ass, wat e Kompromëss erméigleche géif. Deemno wäerte si de Budget net matstëmmen.