Schëss an enger Jugendstruktur an Niedersachsen - Op d'mannst 6 Mënsche stierwen
An der Uertschaft Stade an Niedersachsen sinn an enger Jugendstruktur fir Mamm-Kand-Wunngruppe Schëss gefall. Wéi déi däitsch Presseagence matdeelt, ginn et sechs Doudesaffer. Et gouf och Blesséierter, dorënner och Schwéierblesséierter, wéi vill ass net gewosst.
Et wier net auszeschléissen, datt d'Zuel vun den Doudesaffer nach klëmmt.
Dräi Persoune wiere mëttlerweil festgeholl ginn, deelt d'Police mat, dorënner och de presuméierten Täter. Iwwer seng Identitéit ass nach näischt gewosst.
E gréissere Police-Asaz ass nach amgaangen, et géif awer keng Gefor méi fir d'Populatioun ginn, heescht et. Déi genau Ëmstänn an d'Motiv vun der Dot sinn nach net bekannt.