Géint 04:30 Auer soll d'Feier an engem Patientenzëmmer ausgebrach sinn. D'Patienten an d'Personal goufen aus der Klinik evakuéiert.
90 Pompjeen a 40 Polizisten a Polizistinne sollen am Asaz sinn.
D'Klinik huet eegenen Aussoen no 160 Better. Et ass déi eenzeg Klinik an der Géigend.