Däitschland

Regierung eenegt sech op ee Reformepak, Merz wëllt Ënnerstëtzung aus der Bevëlkerung

No stonnelaange Verhandlunge gëschter Owend sinn elo d'Detailler vum Reformepak bei enger Pressekonferenz virgestallt ginn. De Bundeskanzler Friedrich Merz huet dobäi d'Ënnerstëtzung vun der Bevëlkerung gefuerdert.

auto_stories

1 min

© EPA/HANNIBAL HANSCHKE
(Foto: EPA/HANNIBAL HANSCHKE)

E Pak vu 34 Mesurë gouf vun der Unioun-SPD-Regierung ugeholl. Vun 2027 u solle kleng a mëttel Entreprise steierlech entlaascht ginn. Déi däitsch Regierung huet dofir ronn 10 Milliounen Euro an de Grapp geholl. 2028 soll d'Reform komplett ëmgesat sinn. 

"Wir haben jetzt das erste Reformjahr hinter uns. Von Beginn an haben wir uns eine Agenda gesetzt, die nur einem Ziel dient: Wir wollen Deutschland wieder flott kriegen. Jetzt ist klar, dass das möglich ist." 

Mini-Joby ginn iwwerdeems méi héich besteiert. Keng Ännerunge sollen et un der Ierfschaftssteier ginn. Weider gouf ugekënnegt, datt Salariéen elo vum éischten Dag un ee Krankeschäi musse virleeën. 

"Unterstützen Sie uns"

De Friedrich Merz huet iwwerdeems een Appell un déi däitsch Bevëlkerung gemaach. 

"Machen Sie mit, unterstützen Sie uns bei den jetzt notwendigen Reformen." 

Hien hätt d'Hoffnung, datt duerch d'Reform déi aktuell schlecht Stëmmung an Däitschland kéint iwwerwonne ginn.