Kuerz virun der Summerpaus hat de Staatsrot a sengen zousätzlechen Avisen op en Neits eng Partie formell Oppositioune formuléiert.
Lëtzebuerg steet wéinst sengem Jugendrecht zënter Joerzéngte staark a Kritik
Den aktuellen Text ass méi wéi 30 Joer al a mécht keng Trennung tëschent Jugendstrofrecht a Jugendschutz. Dat bedeit, datt e Jugendlechen, dee stroffälleg gëtt, no de selwechte rechtleche Mechanisme behandelt gëtt, wéi ee Jugendlechen, deen zum Beispill muss aus senger Famill geholl a protegéiert ginn.
Mat der Reform sollen dës Voleten elo endlech iwwer eegen Texter gereegelt ginn.
Zënter véier Joer ass d’Reform um Instanzewee
No den neien Avise vum Staatsrot mussen d’Texter elo eng weider Kéier iwwerschafft ginn.
Als deemoleg Justizministesch war et d’Sam Tanson, déi den Text zum Jugendstrofrecht am Joer 2022 agereecht hat.
“Et ass een net an där selwechter Situatioun, wann ee muss geschützt ginn, wéi wann een eng Strofdot begaangen huet oder suspizéiert gëtt, eng begaangen ze hunn. Do gëtt et, am Strofrecht zum Beispill, gëtt et eng ganz Rëtsch u Protektiounsmechanismen, déi musse spillen, déi spille bei Erwuessenen, déi elo, à ce stade, net onbedéngt bei engem Jugendleche spillen, schonn eleng nëmmen de Fait, fir och ze wëssen, wann een zum Beispill an eng Unisec kënnt, wéi laang ee muss do bleiwen, wéi laang déi Strof dauert.
Dat wier eng Previsibilitéit, datt een och all Prozedursgarantien huet, a wichteg Facteuren am Allgemengen, betount d'Sam Tanson.
Hei géif et ëm e “Paradigmewiessel” goen, seet d’Sam Tanson.
Dëst Wuert benotzt och de Gilles Dhamen, Premier Conseiller am Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dee fir den Text zum Jugendschutz zoustänneg ass. Mee et wier en immens komplexen Dossier.
Déi nei Kriticke vum Staatsrot géif een dowéinst och als hëllefräich empfannen, als eng gutt Guidance, fir et elo nach emol ze iwwerschaffen.
Onkloerheete gesäit de Staatsrot bei der "Autorité parentale"
Heibäi géif et sech ëm e ganz wichtegt Element vum neie Gesetzestext handelen, wéi de Gilles Dhamen erkläert. Lëtzebuerg géif zënter Joerzéngte vum Kannerrechtskommitee kritiséiert ginn. Dowéinst misst den Text do onbedéngt reforméiert ginn, esou de Gilles Dhamen.
“De Prinzip ass deen, dass bei engem Placement, oder engem Placement deen ugeduecht ass, dass bei engem Placement d'Elteren, déi leiflech Elteren an der Verantwortung bleiwen an et net een automateschen Transfert vun der Autorité parentale un eng Struktur oder eng Fleegefamill gëtt, mee dass se weiderhin an der Verantwortung och matbleiwen, dat en vue vun enger Verbesserung vun hirer Situatioun, enger Verbesserung vum Ëmgang vun hinne mat hire Kanner.
Dat ass ee Prinzip, deen och net vum Staatsrot a Fro gestallt ginn ass. Mee natierlech wier dat eng ganz komplex Matière, esou de Gilles Dhamen weider.
"An et ginn immens vill méiglech Cas-de-figuren, soudass och do nach Kloerheet muss geschafe ginn, wie wéi eng Decisioun zu wéi engem Moment huet, zu wéi enge Froen de Riichter muss saiséiert ginn, wéi eng Rollen awer och d'Strukturen a Fleegeelteren zum Beispill kënnen huelen.”
Och beim Jugendstrofrecht ginn et nach e puer Knackpunkten. De Staatsrot kritiséiert zum Beispill, datt e Jonken dem aktuellen Text no a verschiddene Situatioune ka fräiwëlleg op d’Presence vun engem Affekot verzichten.
Op Nofro hin deelt de Justizministère mat, datt een dëse Punkt wäert upassen.
Onofhängeg vum Avis vum Staatsrot wéilt een och nach eng Kéier analyséieren, ob een de Katalog vun de “mesures alternatives à une sanction penale”, respektiv den “peines non privatives de liberté” nach sënnvoll ergänze kann, heescht et aus dem Justizministère.
Alles an allem wier een duerch déi lescht Amendementer awer schonn e gutt Stéck viru komm. Déi allermeescht formell Oppositioune vum Staatsrot wieren entretemps opgehuewe ginn.
Virsiichtegen Optimismus
Dem Gilles Dhamen vum Ministère fir Educatioun a Jugend no wier ee virsiichteg optimistesch, geschwënn zu engem Ofschloss ze kommen.
“Ech mengen, dat si mir deem dote, dem Kannerschutzsystem a virun allem de Kanner, och schëlleg, fir déi Texter korrekt op de Wee ze bréngen an och ofzeschléissen. Hei gëllt e bëssen de Prinzip, dass d'Qualitéit vum Text an d'Rechtssécherheet vum Text e bësse virun der Vitess steet.“
Déi nei Amendementer wéilt een nach dëst Joer areechen, heescht et aus den zwee concernéierte Ministèren. An et wier een deemno zouversiichtlech, d’Reform nach an dëser Legislaturperiod duerchzekréien.