Chamber

Educatiounsminister: "Mir si weider a Richtung Betreiungsplaz-Garantie ënnerwee"

D’CSV-DP-Regierung hat sech an hirem Koalitiounsaccord 2023 dozou engagéiert, d’Betreiungscapacitéiten an de Bildungs- a Betreiungsservicer auszebauen, fir bis 2030 all Kand eng Plaz kënnen ze garantéieren.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

De Claude Meisch | © Jo Diseviscourt play_arrow
De Claude Meisch (Foto: Jo Diseviscourt)

Op d'Fro no de Fortschrëtter vun der LSAP-Deputéiert Francine Closener sot den DP-Minister, et wier een a Richtung vun enger Garantie fir Betreiungsplazen ënnerwee. 

Den Ausbau géif gutt viru goen

Och wann een nach bis 2030 Zäit hätt hofft de Claude Meisch, d’Betreiungsplaz-Garantie villäicht schonn éischter ze erreechen. Beim Ausbau vun der Betreiungsoffer kéim e gutt virun, huet de Minister um Krautmaart erkläert.

"Am Joer 2026 sinn zousätzlech 1.916 Plazen opgaangen an domadder si mir elo op engem Total vun 78.677 Plazen, esouwuel de Klengkandberäich wéi och de Schoulkandberäich landeswäit."

Méi Betreiungsplaze wéi Kanner

Allerdéngs géifen et nach ëmmer regional Ënnerscheeder ginn, esou de Minister: Fir dat ze änneren, wéilt ee weider um Ball bleiwen. 

"Et ass nach ëmmer esou, och wa mir a Richtung vun engem Equiliber ënnerwee sinn, datt mir op eenzelne Plaze fräi Plazen hunn, an eenzelne Regiounen am Land, an eenzelne Gemengen. An et ass nach ëmmer esou, datt mir an eenzelne Regiounen nach Waardelëschten hunn." 

Insgesamt géifen et hei am Land awer däitlech méi Betreiungsplaze wéi Kanner ginn, huet de Claude Meisch virgerechent.

"Dat heescht, esouguer wa landeswäit all Kand, wat e Recht drop huet, wat am Alter ass, an eng Crèche wéilt goen, all Kand, wat e Recht drop huet, wat am Alter ass, an eng Maison relais wéilt goen, dann hätte mir landeswäit nach ëmmer iwwer 20 Prozent vun eiser Capacitéit fräi." 

An Zukunft soll och virun an d’Qualitéit vun der Betreiung vun de Kanner investéiert ginn, huet den DP-Minister widderholl.

Lauschterenplay_arrow