Educatioun

Lieskompetenzen: Schoulbibliothéike solle gestäerkt ginn, fënnt de Claude Conter

Datt d’PISA-Resultater besonnesch beim Liesen esou schlecht waren, géif dru leien, datt d’Liese sech am Laf vun der Geschicht verännert hätt: Vum traditionelle Liese vun engem Buch hin zu den digitale Plattformen – also vun engem Text- hin zu engem Tounmedium.

auto_stories

2 min

Den Direkter vun der BnL, de Claude Conter. | © Jo Diseviscourt
Den Direkter vun der BnL, de Claude Conter. (Foto: Jo Diseviscourt)

De groussen Ënnerscheed dobäi wier, datt d'Pausen an d'Reflexiounszäiten ewechfalen, grad ewéi d'Méiglechkeet, dat Geliesent nach eemol ze liesen.

Dobäi wier dat eng wichteg Kompetenz fir d'Komplexitéit vun der Welt, virop der Demokratie, ze verstoen, erkläert de Claude Conter, Direkter vun der Nationalbibliothéik am 100,7-Interview. 

Bibliothéike si méi wéi Bicherregaler 

D'Bibliothéike wieren d'Plaz vum Liesen. A grad an de Schoule missten déi gestäerkt ginn, well et grouss Ënnerscheeder géife ginn, virun allem an Secondaire. 

"De Constat ass deen, datt mir eng grouss Heterogenitéit hunn. Dat heescht, op där enger Säit hu mir ganz gutt funktionéierend Schoulbibliothéiken. Dat sinn normalerweis déi, déi och de Réckhalt hu vun hiren Direktiounen. An op där anerer Säit hu mir Schoulbibliothéiken, déi den Usprooch hunn, enger moderner Bibliothéike méi gerecht ginn."

Fir enger moderner Bibliothéik méi gerecht ze ginn dierft et sech dobäi net just ëm ee Raum mat Bicherregaler handelen, ënnersträicht de Claude Conter.

"D'Schoulbibliothéiken an de Schoulgebaier sinn net esou zentral, wéi se sollte sinn. Se sinn heiansdo am Eck, se sinn ze al, a virun allem si se nees reduzéiert op Bicherregaler." 

De Metier soll geléiert sinn

Fir datt d'Bibliothéiken anescht opgestallt sinn, wier et wichteg, de Beruff vum Bibliothecaire ze stäerken. 

"Mir sinn och frou iwwer alleguerten déi ganz engagéiert, fräigestallten Enseignanten, déi sech där Aufgab unhuelen, mee de Bibliothecaire ass nun einfach mol e Metier an dee musse mir stäerken." 

Dofir sollt och eng eenheetlech Description de fonction ausgeschafft ginn, schléit de Claude Conter weider vir. 

Lauschtert hei dee ganzen Interview mam Direkter vun der Nationalbibliothéik