Sport

Première zu Lëtzebuerg: D'Volleyballfederatioun féiert eng Fantasy Liga an

Reell Spiller:inne virtuell kafen, opstellen an transferéieren: Esou funktionéiere Fantasy-Ligaen am Sport. Elo huet och e Lëtzebuerger Verband esou eppes op d'Bee gestallt. Eng Première hei am Land an de Verband erhofft sech domat e richtege "Push".

auto_stories

4 min

headphones

6 min

© Radio 100,7 play_arrow
(Foto: Radio 100,7)

Eng vun de leschte Sportscompetitiounen, déi hei am Land an déi nei Saison start, ass de Volleyball. Dëse Weekend fänkt d’Championnat un.

Eng grouss Neierung gëtt net um, mee nieft dem Terrain: D’Volleyballfederatioun ass nämlech déi éischt zu Lëtzebuerg, déi en offiziellt Fantasy Spill aféiert.

Wat ass eng Fantasy-Liga iwwerhaapt?

Bei grousse Sportscompetitiounen – wéi der Bundesliga, der Premier League oder dem Tour de France – si Fantasy-Lige mëttlerweil Usus.

An enger Fantasy Liga iwwerhëlt de Fan d’Roll vun engem Fantasy Coach a stellt virtuell seng perséinlech Ekipp zesummen. Dat aus Spiller:innen, déi et reell zu Lëtzebuerg ginn.

Déi Ekipp kann dann déi ganz Saison esou bleiwen, et kann ee se awer och vu Match zu Match veränneren, jee nodeem wéi ee Spiller ee mengt, datt grad gutt a Form ass an der Ekipp esou vill Punkte bréngt.

Spillt ee Spiller nämlech gutt, da kritt ee méi Punkten. Dofir gëtt all Match op Video opgezeechent a bei professionell Scouts geschéckt, déi dann d’Statistiken erausliesen an d’Spiller bewäerten.

Am Volleyball sinn dat typescherweis d’Punkten an der Attack, am Service oder am Block.

All Spiller kritt e Präis

Iert et esouwäit ass huet awer fir all Spiller missen e Präis festgeluecht ginn, wéi de Marc Burelbach, Sekretär bei der Lëtzebuerger Volleyballfederatioun FLVB, erkläert.

Den MVP (Most Valuable Player) vun der leschter Saison kascht deemno méi wéi ee Spiller, dee just e puer Mol agewiesselt ginn ass. 

“Wat elo d’Erausfuerderung ass um Ufank vun enger Saison sinn nei Spiller, déi an d’Land erakommen. Dat ass natierlech ganz schwéier, déi ze bewäerten. Do muss een da kucken: Wéi eng Liga hunn déi gespillt bis elo? Wat fir een Niveau kann ee sech do erwaarden?”

Am Fantasy-Spill kann ee seng eegen Ekipp opstellen. | © Radio 100,7
Am Fantasy-Spill kann ee seng eegen Ekipp opstellen. (Foto: Radio 100,7)

Méi wéi just en "nice to have"

D’FLVB ass déi éischt Federatioun, déi esou e Fantasy-Spill aféiert. Dat esouwuel fir d’Dammen-, wéi och fir d’Häre-Liga. Et iwwerhëlt een also e bëssen d’Roll vun engem Virreider.

De Marc Burelbach huet erkläert, datt de Sport zu Lëtzebuerg vill vum Benevolat ofhänkt an dofir vill Federatiounen u sech keng Zäit hunn, fir nei Saachen auszeprobéieren.

“Do ginn nei Konzepter dacks als “nice to have” identifizéiert. An do war dat fir eis mol eng Kéier de Moment fir soen: Ok komm, mir probéieren dat, da si mir mol eng Kéier déi éischt, déi eppes Neies probéieren. (...) A mir erwaarden eis trotzdeem do en zimmleche Push.”

Fir all Spiller:in ass e Präis festgeluecht ginn. | © Radio 100,7
Fir all Spiller:in ass e Präis festgeluecht ginn. (Foto: Radio 100,7)

Vun der Fantasy-Liga de Wee an d’Sportshal fannen

De Marc Burelbach erkläert, wat d’Federatioun sech ënner deem Push virstellt: D’Iddi ass déi, méi Leit vum Sport ze begeeschteren.

Op der enger Säit déi, déi de Volleyball nach net kennen, déi awer vläit gären esou Fantasy-Spiller spillen.
Mee de Volleyball-Milieu selwer soll awer och ugesprach ginn.

“Een engagéierte Volleyballspiller, Coach, Arbitter, Supporter, dee gëtt jo duerch d’Fantasy-Liga e bësse motivéiert fir sech mat all Weekend auserneenzesetzen: Wie spillt géint wien? A wéi enger Ekipp ass grad wéi ee Spiller gutt a Form? Also, d’Fantasy-Coache musse sech méi aktiv mam Sport beschäftegen.”

Esou hofft een, datt d’Leit fréier oder spéider de Wee an d’Sportshalen – oder esouguer op den Terrain – fannen.

Konkreet géing ee bei enge 500 User:innen an den éischte Méint vun engem Succès schwätzen, esou de Verbands-Sekretär.

Et gräift een op eng éisträichesch Plattform zeréck

Fir esou eng Liga kënnen unzebidde braucht et eng Plattform ënner der Form vun engem Internetsite oder enger App. D’FLVB huet awer net déi technesch Moyenen, fir esou eppes op d’Been ze stellen.

Dunn ass et awer zu engem glécklechen Zoufall komm: En éisträicheschen Developpeur huet d’Federatioun kontaktéiert.

“An du goufe mir kontaktéiert vun engem Fournisseur aus Éisträich, déi dat dann developpéieren. Also dat war dunn e bëssen en Zoufall, datt sech dat esou iwwerschnidden huet: Den Intressi an dann och d’Demarche vum Developpeur.”

D’Fro, déi nach oppe bleift: Gëtt et eppes ze gewannen? D’Äntwert ass jo, a méi wéi just eppes.

D’Saison ass nämlech a verschidde Phasen opgedeelt, wou déi bescht zum jeeweilege Moment dann e klenge Gadget kënne gewannen oder och Tickete fir zum Beispill de Final Four.

De Gesamt-Gewënner no der Saison ka sech dann op e Reesbong freeën.

D'Fantasy-Liga fannt dir hei: fantasy.flvb.lu

Lauschterenplay_arrow