Fussball Nations League

0:2 Néierlag géint Bulgarien: Lëtzebuerg rutscht op déi lescht Tabelleplaz of

D’Rout Léiwe musse sech an der Nations League eng drëtt Defaite hannertenee gefale loossen. Géint Bulgarie verléiert d’Ekipp vum Jeff Strasser am Stade de Luxembourg mat 0:2 a fält domat op déi lescht Plaz an der Grupp zeréck.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© picture alliance / nordphoto GmbH | Nordphoto/Schwarz play_arrow
(Foto: picture alliance / nordphoto GmbH | Nordphoto/Schwarz)

Virun allem an der éischter Hallschent huet Lëtzebuerg defensiv ze vill zougelooss. No der Paus war d’Nationalekipp zwar däitlech méi present an huet sech eng Rei Chancen erausgespillt – virum Gol huet awer nees déi néideg Effikassitéit gefeelt. Esou kann een de Match vu gëschter Owend resuméieren.

Defensiv Lacunne kaschten zwee Goler

Eigentlech huet Lëtzebuerg engagéiert ugefaangen. Mat héijem Pressing, vill Kierperasaz a mat ëmmer nees engem séiere Ballgewënn. Mee wéi schonn an de Matcher virdrun ass eng kuerz schwaach Phas duergaangen, fir datt de Géigner déi Feeler direkt ausnotzt.

An der 19. Spillminutt spillt sech de Kristiyan Balov iwwer lénks fräi, schéisst vum Strofraum a mécht den 0:1 fir Bulgarien.

Eng Véirelstonn méi spéit ass d’Lëtzebuerger Defense nees net gutt sortéiert: Flank vum Rusev, den Iliev hëlt de Ball per Volley – an et steet 0:2.

Neie Schwong no der Halbzeit

Fir de Jeff Strasser ware virun allem Konzentratiounsfeeler an déi feelend Erfarung bei enger jonker Ekipp e Problem.

"Il y a de la qualité, il y a de la jeunesse, il y a des fois un manque d'expérience. […] Ces erreurs de concentration, surtout sur le deuxième but… Le football de haut niveau, il punit.“

No der Paus huet sech de Match awer gedréint. Mat dräi Wiesselen huet de Strasser reagéiert. Ee vun deene war allerdéngs net geplangt: De Kapitän Anthony Moris huet wéinst enger muskulärer Blessur um rietsen Uewerschenkel missen an der Kabinn bleiwen.

Den Dardari an den Olesen hunn der Ekipp dogéint direkt neie Schwong bruecht.

Lëtzebuerg war elo méi dacks an der géignerescher Hallschent, huet Bulgarien ëmmer nees hanne gedréckt an ass esou och zu Golchancë komm. Mee egal ob de Kadamani, den Olesen oder den Dardari – entweder war de bulgaresche Golkipp am Wee, oder den Ofschloss ass laanscht de Gol gaangen.

An do gesäit de Jeff Strasser och den Haaptproblem.

"Il faut absolument qu'on soit plus méchants devant le but, qu'on soit plus tueurs, parce que des situations, on en a créé, et qu'on soit plus décisifs."

Stëmmungsbild bei de Supporter

An dat gesinn d’Supporter genee esou. Nom Match hu mir e puer Stëmmen agefaang.

"(Et feelt) E richtege Stiermer, wou e Gol och schéisst a wou e besseren Ofschloss huet."

"Um Asaz kann een näischt aussetzen, mee am Moment geet et net duer mat der Ekipp."

"Net esou gutt wéi soss, mee et ass awer schonn eng Kéier besser wéi dee leschte Match."

"Ech fannen, datt de Match heiheem leider net war, wéi ech mir dat erwaart hunn […] Ech hoffen, datt d’Zukunft nach e bëssen besser gëtt."

Den Asaz war bis zum Schluss do. An der Nospillzäit huet den M-Block nach eemol haart d’Nationalhymn ugestëmmt. 

Sportlech bleift awer de Constat: Dräi Defaiten hannerteneen – an nach vill Aarbecht bis November.

Den nächsten Nations-League-Match spillt Lëtzebuerg den 13. November doheem am Stade de Luxembourg géint Estland. Déi hunn iwwerdeems 0:0 géint Island gespillt.

Lauschterenplay_arrow