Cyclissem

Optakt vun der Vuelta: Dräi Lëtzebuerger stinn um Depart

Haut am Nomëtteg ass den Optakt vun der Vuelta am Cyclissem. Dat mat engem Zäitfueren zu Monaco. Mat dobäi beim drëtte Grand Tour fir dës Saison si gläich dräi Lëtzebuerger. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

(V. l. n. r.): Mats Wenzel, Arthur Kluckers, Alex Kirsch | © picture alliance / NurPhoto | Gongora - EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON - picture alliance / NurPhoto | Gautier Demouveaux play_arrow
(V. l. n. r.): Mats Wenzel, Arthur Kluckers, Alex Kirsch (Foto: picture alliance / NurPhoto | Gongora - EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON - picture alliance / NurPhoto | Gautier Demouveaux)

Mats Wenzel, Arthur Kluckers an Alex Kirsch: Dat sinn déi dräi Lëtzebuerger Cyclisten, déi vun haut un dräi Woche laang un der ‘Vuelta a España’ deelhuelen.

Et gëtt op d'Polyvalenz vum Mats Wenzel gesat

Eng Premiere ass et dobäi fir de Mats Wenzel: Fir den 23 Joer ale Profi ass et nämlech déi éischte Kéier, datt hien un engem Grand Tour deelhëlt. Eng Zort Heemspill, well de Mats Wenzel jo fir déi Spuenesch Formatioun Equipo Kern Pharma fiert.

Déi setzen op dem jonke Coureur seng Polyvalenz a wëlle geziilt an d’Echappéeë goen. De Mats Wenzel ass dës Saison och gutt a Form. Am Abrëll huet hie seng éischt Proficourse konnte gewannen.

Arthur Kluckers: Zwou Etappe besonnesch am Bléck

Eng weider Premiere ass et fir den Arthur Kluckers. De Lëtzebuerger Champion hëlt nämlech och fir déi éischte Kéier un engem Grand Tour deel. Dat fir déi schwäizer Formatioun Tudor.

Dem 26 Joer ale Coureur säi Fokus läit dobäi kloer op den zwee Zäitfueren. An datt den Arthur Kluckers gutt a Form ass, huet hien ufanks August am Tour duerch Pole gewisen, wou hie 6. am Contre la montre ginn ass.

Véierte Participatioun fir den Alex Kirsch

Am Verglach zu Wenzel a Kluckers ass den Alex Kirsch en alen Hues. Fir de Cofidis-Profi ass et seng 8. Participatioun un engem Grand Tour, an déi véierte Kéier, datt hie bei der Vuelta um Depart steet.

Mam Bryan Coquard an Alexis Renard huet déi franséiesch Ekipp zwee Sprinter an hire Reien, mat deenen een hofft, ëm Etappevictoirë matzefueren. Dem Alex Kirsch seng Roll wäert also wéi gewinnt déi vum Ufuerer sinn.

D’Been dierften op den éischten Etappen awer wuel nach e bësse schwéier sinn, schliisslech ass den Alex Kirsch nach bis virun e puer Woche beim Tour de France matgefuer.

Einfacht Spill fir de Pogacar?

Grousse Favorit op d’Schlussvictoire ass iwwerdeems de Slowen Tadej Pogacar. Fir de fënneffachen Tour de France Gewënner ass et no 2019 réischt déi zweete Participatioun un der Vuelta. Et ass den eenzege Grand Tour, deen de Slowen nach net gewanne konnt.

Weider Kandidaten op de Podium sinn de Richard Carapaz (EF Education First), de Felix Gall (Decathlon-CMA CGM), de Mattias Skjelmose (Lidl-Trek) oder nach den Oscar Onley (Netcompany-INEOS).

Lauschterenplay_arrow