Sport

Formel 1: Wie geet als Favoritt op den Titel an déi zweet Hallschent vun der Saison?

No enger Summerpaus vu knapp engem Mount start d’Formel 1 dëse Weekend an déi zweet Hallschent vun der Saison. Dat mam Grousse Präis vun Holland zu Zandvoort. De perfekte Moment also fir e klengen Ausbléck op dës zweet Saisons-Hallschent ze woen. 

auto_stories

4 min

headphones

6 min

© EPA/OLIVIER MATTHYS play_arrow
(Foto: EPA/OLIVIER MATTHYS)

Virum Optakt an Australien am Mäerz war ee sech guer net esou sécher, wien da lo de séierste wier. De Grond ass e ganz neit Reglement, dat am Virfeld vun der neier Saison a Kraaft getrueden ass.

Virun allem wat d’Motoren ugeet, mee och a Saachen Aerodynamik. Dat kënnt just all 6 bis 8 Joer vir. Dat heescht, d’Kaarte sinn nei gemëscht ginn.

Déi üblech Verdächteg sinn déi séierst

Wann ee sech awer elo d’Resultater ukuckt sinn et Mercedes, Ferrari, McLaren a RedBull déi vir vertruede sinn. Déi üblech Verdächteg also. Eng ganz nei Ecurie fiert net ëm Victoirë mat, mee innerhalb vun deene véier Groussen huet sech d’Reienfolg geännert.

Mercedes huet dat neit Reglement am beschten ëmgesat, da kënnt Ferrari. RedBull a McLaren waren do liicht hannendran, hunn awer an de leschte Coursse virun der Summerpaus opgeholl.

Dat reflektéiert sech och am Klassement vun de Piloten, wou een Numm ganz uewe steet: De Kimi Antonelli.

Antonelli virun Hamilton a Russell

De réischt 19 Joer alen Italieener, deen zënter leschter Saison fir Mercedes fiert, ass déi grouss Iwwerraschung vun dëser Saison.

Hien huet 6 vun den 11 Coursse bis elo gewonn a ganzer 50 Punkten Avance op de Lewis Hamilton op Rang 2. Fir dat a Perspektiv ze setzen: Pro Victoire kritt ee 25 Punkten.

Bëssen iwwerraschend ass, datt hien och relativ wäit viru sengem méi erfuerenen Teamkolleeg George Russell ass. De Britt hat allerdéngs bis elo och immens vill Pech. Schonn zweemol huet hie misse wéinst Problemer um Auto opginn.

Verbesserunge bei der Konkurrenz spillen Antonelli an d'Kaarten

Mat esou vill Avance geet hien definitiv als Favorit op den Titel an déi zweet Saisonshallschent. Paradoxerweis och, well d’Konkurrenz ëmmer méi no u Mercedes rukënnt.

Mercedes ass zwar mat enger Avance a Saache Performance an d’Saison ragaang, mee - wéi et an der Formel 1 typesch ass - huelen déi aner Ecurië séier op.

Dat bedeit also, datt ëmmer méi Piloten ëm Victoirë kämpfe kënnen, a sech esou quasi d’Punkte géigesäiteg ewechhuelen. Dat spillt dem Antonelli an d’Kaarten. Eenzeg seng Nerven dierfen elo net versoen.

Aston Martin hofft op eng besser zweet Hallschent

Vill Nerve kascht huet d’Saison bis elo Aston Martin, d’Ecurie, bei där jo och de Lëtzebuerger Mike Krack eng wichteg Roll spillt, dat als Chief Trackside Officer. A seng éischt Saisons-Hallschent war eng fir ze vergiessen.

Aston Martin ass mat ganz héijen Ambitiounen an d’Saison gestart. Den Auto gouf vum Adrien Newey designed, deen als de beschten Auto-Designer aus der moderner Formel 1 gëllt. Et huet een als eenzeg Ecurie en nei entwéckelten Honda-Motor am Auto.

Mee: Aston Martin sinn déi luest am Feld, esouguer méi lues wéi Cadillac, déi réischt zënter dëser Saison dobäi sinn. Ee Grond ass den Honda-Motor, deen eng 80 Päerd manner soll hu wéi d’Konkurrenz.

Virun der leschter Course hu si awer e groussen Update um Auto installéiert an dee schéngt Friichten ze droen. An och Honda soll um Motor geschafft hunn. Et gëtt also Hoffnung fir de Mike Krack a Co, datt déi zweet Hallschent vun der Saison e bësse besser gëtt.

Madrid-Ring: Spektakel oder langweileg?

An e puer Wochen, den 13. September, gëtt dann op engem neie Circuit gefuer. Dat zu Madrid. An do kucke virun allem agefleeschte Formel-1-Fans kritesch drop. Et ass nämlech kee klassesche Circuit, mee deels permanent, deels temporär.

Zum Deel féiert de Circuit iwwer den Terrain vun der Foire zu Madrid. Um permanenten Deel ass eng Kéier gebaut ginn, déi eng staark Pente huet, bëssen ewéi zu Zandvoort um Circuit.

Trotzdeem kann een en de Madrid-Ring, esou heescht en, zu de Stad-Circuiten zielen, där een der jo ëmmer méi am Kalenner rëmfënnt: Nieft dem traditionelle Monaco mëttlerweil och Las Vegas, Miami, Jeddah oder Baku.

Dat gesäit zwar spektakulär aus wann d’Formel 1 do fiert, mee dacks kann een net gutt iwwerhuelen an et sinn déi traditionell Circuiten, déi ewechfalen. An deem heite Fall ass et elo esou, datt duerch den neie Grand Prix zu Madrid sech Barcelona, wou schonn zënter 1991 gefuer gëtt, a Spa-Francochamps wäerten ofwiesselen.

Lëtzebuerger Fans kënnen also just nach all zwee Joer op Spa pilgeren. An och d’Pilote sinn doriwwer net frou. Fir déi meescht vun hinnen ass d’Ardennenachterbunn nämlech eng absolut Liblingsstreck.

Lauschterenplay_arrow