Formel 1

Max Verstappen huet de Kontrakt mat senger Ecurie Red Bull Racing bis 2030 verlängert

D’Ekipp huet haut offiziell matgedeelt, datt de véierfache Formel 1 Champion Max Verstappen säi Kontrakt verlängert. De Max Verstappen fiert schonn zënter 2016 fir Red Bull an huet bis ewell 71 Coursse mat hinne gewonnen.

auto_stories

1 min

©  EPA/Zsolt Czegledi
(Foto: EPA/Zsolt Czegledi)

D’Annonce kënnt just e puer Deeg éier d’Formel 1 aus der Summerpaus zeréckkënnt.

De Weekend gëtt am Verstappen sengem Heemechtsland Holland gefuer. An der rezenter Vergaangenheet hat et ëmmer erëm Rumeure ginn no deenen de Max Verstappen d’Ecurie wéilt wiesselen, oder esouguer mat der Formel 1 ophalen. Deene Rumeuren dierft den Holläner mat der Verlängerung vu sengem Kontrakt elo en Enn gesat hunn.