Sport

Ruben Querinjean: "Ech weess net, ob et e gudden Zenario war, mee awer een erwaarten"

Vize-Europameeschter géif sech gutt unhéieren, esouguer ganz gutt: Dat sot de Ruben Querinjean, deen e Sonndeg op der Liichtathletik-EM zu Birmingham d’Sëlwermedail iwwer d’3.000 Meter Steeple gewonnen huet, am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

© EPA/ADAM VAUGHAN
(Foto: EPA/ADAM VAUGHAN)

Hie wier ganz frou iwwer déi éischt Liichtathletik-Medail fir de Grand-Duché zënter 20 Joer, esou de 24 Joer ale Sportler. Hien hätt nach keng Iddi dozou, wéi dës Medail seng Karriär changéiere kéint. An Zukunft géif hien awer kucken, et nach besser ze maachen, 

Kritik aus der Belsch léisst de Ruben Querinjean kal

Dës Medail géif all deene gehéieren, déi sech domat identifizéiere wéilten, seet de Ruben Querinjean. Wann et ëm d’Kritik aus senger belscher Heemecht geet, datt hie fir Lëtzebuerg start, géif hie kucken, net ze vill dozou ze liesen.

"Ça ne changera rien à ce que je suis, à ma double nationalité. J’ai fait le choix, et, je veux dire, ça ne changera plus rien. Donc, non, ça ne pèse pas, mais ça me fait même plutôt rire!"

De Verlaf vun der Course war net onerwaart 

An der Finall e Sonndeg hätt hien am Verlaf vun der Course gemierkt, datt seng Bee gutt waren, trotz den zwou Coursë kuerz noeneen. Hie wier dowéinst ëmmer méi zouversiichtlech ginn. Et hätt kee richtege Courseszenario ginn, vun deem hie gedreemt hätt:

"C’est sûr que je suis pas un très gros finisseur sur une courte distance. Si je dois me qualifier de quelque chose, ça doit être sans doute un finisseur, on va dire, longue distance. Et ça tombait bien, parce que l’Allemand, c’est plutôt son type de course aussi."

Den Zenario, deen du koum, war net perfekt, seet de Ruben Querinjean.

"Je me suis mis un peu à l’écart, sur le côté extérieur de la piste, quitte à faire quelques mètres en plus, pour éviter les bousculades et surtout pour être prêt au moment où il allait partir. Je sais pas si c’était le scénario parfait, mais en tout cas, c’était un scénario auquel je m’y attendais."

Eng 600 Meter viru Schluss hätt hien nach Reserve gehat. Seng lescht Cartouche hätt hien op de leschten 200 Meter verschoss, mee wier net méi laanscht de Gewënner komm, erkläert de Ruben Querinjean. Hie wier glécklech, Zweete ginn ze sinn, a géif d’nächst Kéier vläicht méi Risiken huelen.

Lauschtert hei de ganzen Interview mam Ruben Querinjean