Kultur

Open Air Festival um Belval 2027: Sting an Angèle wäerten nieft Fanta4 hei optrieden

Sting an Angèle sinn nieft den Fantastischen Vier d‘Headliner vum Open Air Festival, d‘nächst Joer um Belval virun der Rockhal. Dat hunn d‘Organisateuren haut matgedeelt nodeems dee Festival fënnef Joer Paus hat.

auto_stories

1 min

Die Fantastischen Vier | © picture alliance/dpa | Sina Schuldt
Die Fantastischen Vier (Foto: picture alliance/dpa | Sina Schuldt)

Datt Die Fantastischen Vier de 25. Juni géifen op Belval kommen, war scho gewosst, Sting kënnt de 15. Juni an déi belsch Sängerin Angèle den 20. Juni. 

Sting, de fréiere Frontsänger vun The Police mat Klassiker wéi Roxanne, trëtt de 15 Juni um Festival op, déi belsch Sängerin Angèle den 20. Juni. D'Popsängerin Angèle a säi Brudder, de Rapper Roméo Elvis komme vu Bréissel. Si hunn och Lidder zesummen eraus bruecht wéi beispillsweis d'Lidd "Tout oublier", dat 2028 eraus komm ass.  

D'Organisateuren hunn haut nach e Véierten Datum ugekënnegt, fir den 13. Juni, mee een Numm gouf nach net verroden.