Naturgeschicht

30 Joer Naturmusée am Gronn: Méi wéi just e verstëbste Musée fir Schoulklassen

Virun 30 Joer ass den Naturmusée vum Fëschmaart an de Gronn geplënnert. Zënterhier ass villes geschitt a villes huet sech geännert, verréit de Muséesdirekter Patrick Michaely am 100,7-Interview. Als verstëbste Musée gesäit hien den MNHN awer scho laang net méi.

auto_stories

5 min

headphones

13 min

De Patrick Michaely | © Radio 100,7 play_arrow
De Patrick Michaely (Foto: Radio 100,7)

Fir de Patrick Michaely ass de Gronn de schéinste Quartier an der Stad. Zënter 30 Joer ass et och den Doheem vum Naturmusée. An deene Joren ass däitlech méi Liewen an de Quartier komm, erzielt de Muséesdirekter.

De Musée ass an 30 Joer vill gewuess

Eenzegen Nodeel: D’Plaz fir ze wuessen ass limitéiert, fir net ze soe guer net do.

An den Naturmusée ass an de leschte Jore staark gewuess. Waren et virun 30 Joer a ronn 40 Mataarbechter:innne, esou sinn et der haut 159.

Mee och d’Kollektioun ass däitlech gewuess. De Patrick Michaely betount awer, datt net alles am Gronn opgehuewe gëtt. Et hätt een aner Depoten uechter d’Land. Mee déi wieren net méi “State of the art”, wéi hie seet.

Op de Benevole ugewisen

D’Konditioune vun der Conservatioun an deene Sammlungsraim ze verbessere fir eng vun de groussen Erausfuerderunge fir déi nächst Joren.

Wat dës Kollektiounen ugeet, esou liewt de Musée vill vu private Sammlungen, déi un den Naturmusée verierft ginn, erkläert den Direkter. D’Naturgeschicht géing vun den Naturaliste liewen, déi dat als Hobby op Amateurniveau maachen.

Per Gesetz muss de Musée den Inventaire vun eiser Biodiversitéit maachen. Fir dat ze stemmen, ass de Musée op Benevollen ugewisen.

D'Fuerschung als essentielle Bestanddeel vum Musée

Wat vläit manner bekannt ass ass de Fait, datt d’Fuerschung eng ganz grouss Roll am Musée spillt. Et kéint ee scho bal soen, datt d’Ausstellung, déi d’Visiteure gesinn, just d’Spëtzt vum Äisbierg ass.

“Mir hu jo och d’Mission de l’étude du patrimoine naturel ze maachen, wéi et am Gesetz sou schéin heescht. Dat bedeit, datt een déi Sammlungen huet, datt ee se analyséiert, datt ee sech kuckt, datt een Daten erausschafft fir bëssen ze kucken, wéi ass den Zoustand vun der Natur dobaussen? Wéi evaluéiert d’Natur?”

Esou Donnéeë gëtt de Musée dann un den Naturschutz oder un déi zoustänneg Administratioune virun, erkläert de Patrick Michaely.

Sech mat der Form vun den Ausstellungen auserneegesat

D’Leit kommen awer natierlech an de Musée, fir sech d’Ausstellung unzekucken. Verschiddener hunn awer vläit nach dat verstëbste Bild am Kapp vun engem traditionellen Naturmusée mat ausgestoppten Déieren.

Esou Déiere wieren nach ëmmer Deel vun der Ausstellung, seet de Patrick Michaely, dat als Dermo-Plastiken. Mee et hätt ee sech awer d’Fro gestallt, wéi een d’Natur wéilt duerstellen.

“Ass d’Aart a Weis, wéi et bis elo ëmmer gemaach ginn ass, ass dat eigentlech zäitgeméiss? Wat seet dat iwwer eis aus? Wat seet dat iwwer déi Relatioun aus, déi mir mat Déieren hunn?”

Als Kannermusée bezeechent ze gi gesäit den Direkter als Luef

Datt d’Ausstellung am Musée awer attraktiv ass, dat weisen d’Zuelen. Dem leschten TNS Ilres Sondage no wiere 45 Prozent vun de Visiteuren eenzel Erwuesse Leit. Dat wier e groussen Undeel, betount de Muséesdirekter.

Et géing weisen, datt een net just e Musée fir Schoulklassen a Kanner wier. Mee dat stéiert de Patrick Michaely u sech och net.

“Wa mir heiansdo als Kannermusée bezeechent ginn, ech soen: Majo firwat net? Vill Muséeë kämpfen drëm, Jugendlecher a Kanner ranzekréien.”

Ausserdeem sinn d’Zuele vun de Visiteuren no der Covid-Kris explodéiert: Ëm méi wéi 30 Prozent ass dës Zuel geklomm, an dat op eng nohalteg Manéier.

Eng nei Sprooch, déi dominéiert

De Public hätt an de leschte Joren awer och staark changéiert, mierkt de Patrick Michaely un. Virun 30 Joer wier deen nach zimmlech “lëtzebuergesch” gewiescht. Haut dominéiert déi englesch Sprooch.

Englesch wier an der Musées- a Kulturwelt an de leschte Joren immens present ginn.

“Wa mir eist Muséesfest maachen zur Rentrée scolaire, do ass d’Sprooch meeschtens just nach Englesch.”

De Musée funktionéiert hautdesdaags a véier Sproochen: Lëtzebuergesch. Däitsch, Englesch a Franséisch.

Wäert den Naturmusée an Zukunft nees plënneren?

Fir d’Zukunft läit dann nach eng “riseg” Aufgab virum Muséeë: D’Digitalisatioun vun der Kollektioun. Esou kéint se Fuerscher:innen aus der ganzer Welt zougänglech gemaach ginn, an awer och dem Public. Dat verlaangt awer eng grouss Infrastruktur, déi elo en place gesat muss ginn.

Wat déi physesch Zukunft vum Musée ugeet, esou ginn et keng Pläng, datt deen aus dem Gronn erausplënnere soll. Och wann de Patrick Michaely sech eng “grouss, quadratesch Këscht um Kierchbierg mat Tram-Uschloss” duerchaus virstelle kéint.

Ob dat awer gutt bei de Visiteuren ukéim, wier eng aner Fro.

Den Naturmusée huet seng Plaz am Gronn elo fonnt an ass scho bal net méi vun do ewech ze denken. Deemno wäert dat wuel an noer Zukunft och nach esou bleiwen.

Nei Astellung nach bis Mëtt Mäerz

Wien de Musée deemnächst wëllt besiche goen, dee kann dat zum Beispill dëse Weekend wärend der Nuit des musées maachen.

Eng fuschnei Ausstellung mam Numm “La vie secrète du Naturmusée” leeft haut un a kann nach bis de 14. Mäerz besicht ginn.

Lauschterenplay_arrow