LSC

D'Auditioune fir de Luxembourg Song Contest fänken haut un

80 Kandidatinnen a Kandidate maache vun haut bis e Sonndeg bei den Auditioune fir de Luxembourg Song Contest 2027 mat, also der nationaler Pre-Selektioun fir den Eurovision Song Contest d‘nächst Joer. Dat sinn der ronn 50 Prozent méi wéi an deenen zwee Jore virdrun.

auto_stories

1 min

Dëst Joer gëtt et dann och eng nei Selektiounsprozedur: D'Kandidate mussen dëst Joer nach kee fäerdegt Lidd matbréngen, mee ginn an enger éischter Phas op hir gesanglech a kënschtleresch Qualitéite bewäert.

Schonn 300 Lidder agereecht

Parallel dozou gi Lidder fir de Concours gesicht. Ronn 300 Stécker goufe bis elo agereecht. An engem sougenannte Pairing Workshop sollen d'Artisten duerno mat passende Lidder zesummebruecht ginn.

D'Finaliste gi Mëtt November bekannt ginn. De Luxembourg Song Contest ass den 30. Januar an der Rockhal. De Gewënner vertrëtt Lëtzebuerg dann am Mee beim Eurovision Song Contest a Bulgarien.