Noruff

Fréieren 100,7-Mataarbechter gestuerwen: De Jean-Pol Roden hat 71 Joer

De Jean-Pol Roden ass dout. De fréiere laangjärege Mataarbechter vum Radio 100,7 ass de 15. September am Alter vun 71 Joer gestuerwen. Dat kann een um Donneschdeg an den Doudesannoncen am Tageblatt an am Lëtzebuerger Wort liesen.

auto_stories

1 min

headphones

67 min

De Jean-Pol Roden am Joer 2015 | © Archiv Radio 100,7 play_arrow
De Jean-Pol Roden am Joer 2015 (Foto: Archiv Radio 100,7)

Zënter dem Ufank vum Radio 100,7 am Joer 1993 a bis 2016 huet de Jean-Pol Roden sech op eiser Antenne jorelaang virun allem mat Schoultheme befaasst. 

Hie selwer war vu Formatioun Schoulmeeschter, war awer iwwer d’Tageblatt séier zum Journalismus komm.

Cabaret a Summerakademie

De Jean-Pol Roden huet och politesche Cabaret gespillt a geschriwwen: Dat an de 70er an 80er mam Ensembel "Scène libre".

Jorelaang war hien och ganz engagéiert bei der Initiative "Summerakademie" vum Centre pour la promotion des arts (CEPA).

2021 hat de Jean-Pol Roden an der Emissioun “Sot emol” mam Jean Claude Majerus iwwer seng Zäit um Radio 100,7 geschwat:

Lauschterenplay_arrow