Fussball-WM 2026

Op den Mbappé ass Verlooss: Hëtzegen Duell tëschent Paraguay a Frankräich

Marokko a Frankräich heeschen déi éischt Véierelsfinalisten op dëser Fussball-Weltmeeschterschaft. Géint Kanada konnt sech Marokko um Enn kloer mat 3:0 duerchsetzen. Iwwerdeems hate "Les Bleus" géint Paraguay méi Krämpes.

auto_stories

1 min

© EPA/SARAH YENESEL
(Foto: EPA/SARAH YENESEL)

Nom 0:0 an der Paus hu sécher nach vill Kanadier op eng kleng Iwwerraschung gehofft. Géint de Favorit Marokko huet de Co-Organisateur laang gutt dogéint gehal.

Verletzung vum neie Bayern-Stiermer

Am zweeten Duerchgang huet Marokko dunn awer ee Gang eropgeschalt a schliisslech huet de Ball dräimol de Wee an d'Netz fonnt.

E batteren Nogoût huet dës Victoire awer och: De beschte Stiermer vu Marokko, de Saibari, huet an der éischter Hallschent verletzungsbedéngt missen ausgewiesselt ginn.

Op den Mbappé ass Verlooss

Nodeems Paraguay géint Däitschland déi bis dato gréissten Iwwerraschung op dëser WM gelongen ass, wollten d'Südamerikaner dat géint de grousse Favorit Frankräich widderhuelen.

Et war keng schéi Partie, mat ville Fouls, an där et och mol hëtzeg hiergaang ass. Ënner anerem en Ielebou an d'Gesiicht vum Mbappé ass ouni Konsequenze bliwwen.

Zwar war Frankräich iwwerleeën, an awer war et herno en Eelefmeter an der 70. Minutt, deen d'Entscheedung bruecht huet. De Kylian Mbappé huet markéiert.

An der Véierelsfinall treffe Marokko a Frankräich elo openeen.