Handball

De fréiere franséische Weltklassespiller Didier Dinart gëtt Hären-Nationaltrainer

Sou wéi mer et virun eppes méi wéi zwou Woche gemellt haten, ass de fréiere franséische Weltklassespiller Didier Dinart den neien Hären-Nationaltrainer am Handball: D’Federatioun FLH huet dat um Freideg an engem Schreiwes bekannt ginn.

auto_stories

1 min

Handball | © Marino Bobetic / Unsplash
Handball (Foto: Marino Bobetic / Unsplash)

De Choix vum erfuerene Spiller a Coach, deen a béide Fonctioune mat Frankräich Weltmeeschter gi war, war ëmstridden.

Den Ex-Kreesleefer war nämlech am Januar vu sengem franséische Club Ivry virun d’Dier gesat ginn, no enger Enquête iwwer den Ëmgank mat senge Spiller.

Dora goung Rieds vu “comportements incompatibles avec les valeurs attachées à la fonction d’entraîneur”. De Mann selwer sot dozou, hien hätt sech näischt virzewerfen.

De Radio 100,7 hat de 17. Juni gemellt, datt den Didier Dinart den neien Hären-Nationaltrainer soll ginn.