Aenzeien hate gëschter Owend eng staark Explosioun héieren an eng Feierbull um Himmel gesinn.
Normalen Trainingsfluch
Beim Fliger huet et sech ëm e Mirage 2000D vun der franséischer Arméi gehandelt, deen en normalen Trainingsfluch duerchféiere sollt. Wéi e Spriecher vun der Arméi preziséiert wiere béid Pilote erfuere gewiescht mat "sëllege Fluchstonnen".
De Pilot, deen net iwwerlieft huet, konnt sech wuel net mat Zäiten aus dem Kampfjet ejektéieren.
Den Accident ass onwäit vun Nanzeg geschitt.