Frankräich

Terroristescht Attentat bei Paräis: Weider Familljemembere vum Verdächtege festgeholl

No dem terroristesche rassisteschen Attentat um Freideg am Département Yvelines bei Paräis gouf d‘Untersuchungshaft vum Haaptverdächtege verlängert. Véier weider Leit aus sengem Familljen- a Frëndeskrees sinn och an Untersuchungshaft, dorënner seng Mamm a säi Papp.

auto_stories

1 min

© EPA/HANNAH MCKAY
(Foto: EPA/HANNAH MCKAY )

De franséische Parquet deelt elo mat, datt Spuere vu Cannabis a vu Kokain am Blutt vum presuméierten Täter fonnt goufen. 

Dee 39 Joer alen Täter hat aus engem Auto op d‘Leit geschoss. Eng Persoun koum ëm d‘Liewen a fënnef weider Leit goufe blesséiert, dorënner e Meedche vun 12 Joer. Hat ass nach ëmmer an engem kriteschen Zoustand.

Hommage un dat 26 Joer aalt Affer

An där betraffener Gemeng Trappes haten um Samschdeg e puer Honnert Leit sech versammelt als Hommage un d‘Doudesaffer, de 26 Joer ale Pengo Bossio Wangi. Senger Famill no war hien eng grouss Hoffnung am franséisch Kampfsport.

Seng Famill huet Froen opgeworf, firwat d‘Autoritéiten den 39 Joer ale presuméierten Täter, deen der Police bekannt war, net méi am Aen haten. Beim Duerchsiche vu sengem Appartement goufen ënner anerem d'Buch "Mein Kampf" vum Adolf Hitler fonnt, grad ewéi eng Bibel an ee Koran. 

De franséischen Antiterrorismus Parquet mécht d‘Enquête. 

De franséische President Emmanuel Macron war op der Plaz an huet vun engem terroristeschen Akt geschwat, dee Leit opgrond vun hirer Hautfaarw oder hirer Relioun viséiert huet.