Frankräich

Schëss aus engem Auto: Franséischen Inneminister geet vu rassisteschem Terror aus

De franséischen Inneminister Laurent Nuñez schwätzt no der Schéisserei vun engem Mann aus sengem Auto vun enger terroristescher Dot. Dobäi ass eng Persoun ëm d'Liewe komm, op d'mannst véier weiderer goufe blesséiert, deels schwéier. Ënner de Blesséierten ass een 12 Joer alt Kand.

auto_stories

1 min

© EPA/YOAN VALAT
(Foto: EPA/YOAN VALAT)

Géint 10:30 Auer um Freideg sinn am Departement Yvelines, westlech vu Paräis, Schëss gefall. Laut dem franséischen Inneminister huet ee Mann aus sengem Auto eraus an dräi verschiddenen Uertschafte geschoss. Déi éischt Schëss sollen an der Gemeng Trappes gefall sinn, duerno an der Gemeng La Verrière. 

Rassistesch an islamophob

Dobäi wier mat enger automatescher Waff geschoss huet, huet den Inneminister erkläert. Eng Enquête gouf an d'Weeër geleet an ee Mann gouf scho festgeholl.

Och wann d'Enquête nach lafe géif, kéint een elo scho festhalen, datt et sech ëm een terroristescht verbriechen handelt, esou de Laurent Nuñez. Et géif een dovun ausgoen, datt d'Dot aus rasstisteschen an islamophobe Motiver eraus gemaach gouf. 

Weider Informatioune leien den Ament net vir.