Frankräich

No Protester a Frankräich: Marine Le Pen klëmmt an de Sondagë fir d'Presidentiellen

No de grousse Protester de 17. Oktober steet d'Regierung vum President Emmanuel Macron weider ënner Drock. Zwee Deeg virun der zweeter ugekënnegter Well u Masseprotester probéiert déi franséisch Regierung elo de Kapp iwwer Waasser ze halen.

auto_stories

3 min

Marine Le Pen | © picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri
Marine Le Pen (Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri)

Zu Paräis si fir haut eng Partie Reunioun ugesat. Ënner dem Motto "fermeté" beréit de franséische Premierminister Sébastien Lecornu sech haut mat sengem Justizminister Gérald Darmanin a mam Inneminister Laurent Nuñez, grad ewéi mat de Forces de l'ordre.

No de Protester hat den Inneminister Laurent Nuñez seng Demissioun agereecht. Säi Récktrëtt gouf awer vum President Emmanuel Macron ofgeleent.

Marine Le Pen klëmmt an den Ëmfroen

Déi politesch Situatioun bléift ugespaant. De Sébastien Lecornu hat gesot, déi politesch Vertrieder misste sech tëschent der Gewalt oder der Republik entscheeden. Hien huet domat op de Jean-Luc Mélenchon vun La France insoumise ugespillt.

Déi lénks-politesch Partei kritt virgehäit, d'Roserei bei de Leit ugestëppelt ze hunn. 

De rietse Fligel a Frankräich profitéiert vun dësem Narrativ. No de rezenten Ausschreidunge klëmmt d‘Marine Le Pen weider an den Ëmfroen. Déi wéinst Verontreiung vun EU-Gelder verurteelte Politikerin huet ee bis zwee Prozentpunkten dobäi gewonnen.

Den RN läit de leschte Sondagen no domat tëschent 34 an 38 Prozent bei engem fiktiven éischte Waltour, jee no Kandiatenkonstellatioun.

Metz: Sechs Männer wéinst Vandalismus a Vol verurteelt

An der Suite vun de Manifestatiounen si gëschter sechs Männer zu Metz verurteelt ginn. Dorënner en Entrepreneur aus Frankräich, deen zu Lëtzebuerg eng Firma huet. Dat huet de Républicain Lorrain gëschter public gemaach. 

De 25 Joer ale Mann hätt eng Bauentreprise mat sechs Mataarbechter hei zu Lëtzebuerg. Hie wier op Metz gereest fir bei de Protester matzemaachen. Do wier hie vun Iwwerwaachungskamerae gefilmt ginn, wéi hie bei enger Grupp dobäi war, déi e Kleeder-Geschäft am Zentrum vu Metz iwwerfall hunn. Duerno gesäit een de Mann mat geklaute Kleeder aus dem Geschäft erauslafen. 

Hien hätt zouginn, datt hien dës Kleeder hätt wëllen online verkafen. De Mann huet sechs Méint Prisong mat Sursis an eng Geldstrof vun 1.200 Euro kritt.

Manifestatiounsverbuet a franséische Stied

Zu Paräis a Lyon gëllt den Ament e Manifestatiounsverbuet. Fir e Samschdeg soll dëst Verbuet och op Stied ewéi Rouen oder Toulon ausgewäit ginn. Dat hunn déi franséisch Autoritéiten annoncéiert.

A verschiddene Stied a Frankräich goufen och Ausgangsspären ausgeruff.