Zwee Deeg no de béiden Äerdbiewen a Venezuela war de Max Steffen e Freideg mat engem Fliger vun der Air Rescue an dat südamerikanescht Land geflunn.
Seng Missioun ass et, d’Telekommunikatiouns-Servicer an der Regioun ze retabléieren, fir datt d’Hëllefs-Organisatiounen hir Aarbecht kënne maachen. Emergency.lu ass e Satellitte-Kommunikatiouns-System.
"Mir ginn am Fong dohinner, wou soss guer näischt méi fonctionéiert"
Am 100,7-Interview huet de Max Steffen och erkläert, wou a Venezuela hien de Moment schafft.
“Mir si grad hei zu Caraballeda am Venezuela an engem zimmlech improviséierte Camp, deen als Operatiounsbasis benotzt gëtt fir d'Sichekippen. A mir hunn eis hei installéiert bei engem Feldspidol vun enger lokaler Organisatioun.”
Säin éischten Androck wier gewiescht, datt um Wee vum Fluchhafen aus, op zéng Kilometer just Camionen, Baggeren a Krane stoungen, esou de Max Steffen. Dës wiere warscheinlech aus ganz Venezuela ofgezu ginn, fir ze hëllefen d’Opraumaarbechten ze organiséieren.
“Zu Caraballeda selwer, do läit alles quasi a Ruin. Och wa mir mat dem Auto eis deplacéieren, fuere mir quasi all kéiers en anere Wee, well nees eng Strooss op ass, well se geraumt gouf, oder nees eng aner Strooss zou ass (...). Dat heescht, d'Landschaft verännert sech och permanent.”
Solidaritéit gëtt grouss geschriwwen
Am Camp géife vill Mënschen a ganz klengen Zelter ënner der praller Sonn “hausen”. Si hätten Angscht a wéissten net, wou hir Familljen a Kolleege sinn, huet de Max Steffen gesot. Nach ëmmer wieren iwwer 50.000 Leit vermësst gemellt.
“Mir si vill a Kontakt mat de lokale Leit hei, well mir awer och hei bei deem Spidol eebe sinn. An et ass awer trotzdeem och op iergend eng komesch Aart a Weis schéin ze gesinn, wéi déi Solidaritéit vun de Leit hei ass. Et sinn och ganz vill Leit hei, déi guer net hei aus der Regioun sinn, déi einfach mat engem Helm an enger Schëpp komm sinn, fir ze probéieren eng Hand mat unzepaken.”
Et wier geplangt, eventuell bis zu dräi Woche laang a Venezuela ze bleiwen, fir ze hëllefen, esou den Agent opérations emergency.lu, Max Steffen.
“Et ass natierlech belaaschtend, fir an esou engem Gebitt hei ze schaffen. Mee et konzentréiert ee sech op seng Aarbecht. An et mécht ee sech selwer e bëssen Drock, fir dass déi Aarbecht, déi mir hei maachen, sou séier wéi méiglech gemaach ass, fir de Leit eeben ze hëllefen, op eis Aart a Weis.”
Et géif ee schonn e bësse mathuelen, wann ee laanscht 15-stäckeg Héichhaiser fiert, déi ganz an de Koup gefall sinn, oder just nach zwee Stäck héich sinn, a wann een iwwerleet, wéi vill Leit eventuell nach do drënner leien, esou aus Venezuela de Lëtzebuerger Max Steffen.