U Bord vum A400M sinn zwee lëtzebuergesch Experte fir d’UNDAC-Ekipp (United Nations Disaster Assessment and Coordination Team) ze ënnerstëtzen.
De Fliger transportéiert och Material aus dem humanitäre Lager vu Lëtzebuerg, dorënner Stroumgeneratoren an Zelter, an Noutmaterial, dat vun der Belsch zur Verfügung gestallt gouf.
Schonn e Freideg an ee Samschdeg waren Experten aus dem Grand-Duché a Venezuela geflunn, fir ze hëllefen.
Bei de béiden Äerdbiewe waren iwwer 1.700 Mënsche gestuerwen.