Virum Sommet zu Ankara

D’Ukrain soll um NATO-Sommet nei Milliarde fir Militärhëllef versprach kréien

E puer Deeg virum Sommet vun der NATO zu Ankara sinn déi 32 Memberstaate sech elo zu Bréissel eens ginn, datt d’Ukrain een neit Versprieche fir milliardeschwéier Militärhëllefe soll kréien. Dat mellt d'Agence DPA.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt
(Foto: picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt)

Konkret gesäit dëst Versprieche vir, datt iwwer zwee Joer eng Mindestfinanzéierung an Héicht vu 70 Milliarden Euro pro Joer fir militärescht Material, Ënnerstëtzung a Formatioun soll prett gestallt kréien: also am Total 140 Milliarden Euro.

Mat agerechent ass doran een Hëllefspak vun der Europäescher Unioun fir d'Ukrain, vu ronn 60 Milliarden Euro bis Enn 2027. Ënnert dem Stréch bleiwen also 80 Milliarden Euro, déi d’NATO-Staaten – dorënner och Lëtzebuerg – aus hiren nationale Budgete musse finanzéieren.

Iwwerhëlt Däitschland dee gréissten Deel vun der Finanzéierung?

Well d’USA ënnert hirem President Donald Trump d’Finanzéierung vun Hëllefe fir d’Ukrain gréisstendeels gestoppt hunn, wäert Däitschland warscheinlech dee gréissten Deel iwwerhuelen.

Den NATO-Sommet ass de 7. an 8. Juli zu Ankara an der Tierkei.