Et géif ee sech erwaarden, datt déi Europäesch Kommissioun d’Vereenbarkeet vun dëser Verlängerung mam Schengener Grenz-Kodex iwwerpréift.
An der schrëftlecher Äntwert heescht et iwwerdeems, datt d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung onverännert wier. Et wier ee kloer géint Grenzkontrollen un de Bannegrenze vum Schengeraum an et géif een sech fir e verstäerkte Schutz vun de Baussegrenze vun der Europäescher Unioun asetzen.
Däitschland annoncéiert Verlängerungen
Den däitschen CSU-Inneminister Alexander Dobrindt wëllt déi temporär Grenzkontrolle mat den Nopeschlänner ëm e weidert halleft Joer bis Mëtt Mäerz verlängeren. Eng entspriechend Demande wier bei d‘EU-Kommissioun geschéckt ginn, esou den däitschen Inneministère.
Als Grond sot den CSU-Inneminister der Bild Zeitung, d‘Entwécklungen un den europäesche Baussegrenze géife weisen, datt déi illegal Migratioun weider ofgewiert a kontrolléiert misst ginn.
Den Alexander Dobrindt hat schon Enn Juli eng warscheinlech Verlängerung vun de Grenzkontrollen ugekënnegt. Dat zum Zäitpunkt, wou Zéngdausende Mënschen iwwer d‘Grenz vu Marokko an déi spuenesch Exklav Ceuta koumen.